Coupe de Luxembourg: Berdenia Berbourg - F91 Dudelange

Mam F91 Dudelange kënnt e grousse Géigner e Samsdeg, 29. November 2014 an der Coupe de Luxembourg op Berbourg an de Stade Renert.


Nët nëmmen d'Spiller an hier Traineren, mee och de ganze Comité mat alle Supporteren a Frënn vum FC Berdenia Berbourg freeën sech op dëse Coupematch, kënnt dach mam Diddelenger Veräin, eng vun de beschten lëtzebuerger Veräinséquipen béi eis op Besuch.


A wéi viru 14 Jâr, wou déi Diddelenger schons eng Kéier zu Berbourg an der Coupe gespillt huet, wëllt eis Equipe och dës Kéier, dem Géigner ët schwéier machen, an e flotte Match spillen.


All Frënn vum Fussball sinn duerfir ageluden op Berbourg ze kommen, a béi beschter Stëmmung, sech dëse Match unzekucken.


Eis Dieren sinn ab 17:00 Auer op.





Share |