Berbourg II: Wichtege Punkt géint den Tabellenéischten

F.C. Berdenia Berbourg II - F.F. Norden 02 II  2:2   (0:1)

 

Vun Unfank unn hunn déi Berbuerger dogéint gehaal an kruten an deenen éischten 25 Minuten och e puer gutt Goalchancen iwwert den David Schuster, Alex Thill, Daniel Contrino a Serge Guth, leider awer ouni déi néideg Réussite. Dunn a ganz onerwaart, ass et dem Gaascht gelong, per Fräistouss vun 18 Meter, den 0:1 ze markéieren. Mat deem Résultat goung et dann an d'Pause.

 

An der 2. Halschent hun déi Berbuerger d'Rudder direkt erëm an d'Hand geholl, an et ass hinnen och gelong an der 60. Minut, de verdingten Ausgläich durch de Goal vum Daniel Contrino ze erziehlen, erausgespillt iwwert eng gelongen Kombinatioun mam Tom Hubert, Alex Thill a Serge Guth. Déi Berbuerger wollten dunn méi, an hu sech och 2-3  gutt Geleeënheeten erausgespillt, awer de Keeper vun Norden 02 konnt eng Féierung vun den Hausherren verhënneren. Esou wéi an der 1er Halschent konnten d'Gäscht erem an Féierung goën an daat iwwert e verwandelten Eelëfmeter an der 73 Minut. Déi Berbuerger hunn sech awer vun deem Rëckschlag nët démotivéieren gelooss, a konnten dunn och, kurz viru Schluss, durch e perfekt plazéierte Fräistouss vum Tom Hubert,  den 2:2 Ausgläichtreffer an Endrésultat markéieren.

 

Fazit: Ennert dem Strëch eng gerecht Punktendeelung.

 

Equipe: Becker Daniel, Hubert Tom, Frondizi Eric (C), Hoffmann Claude, Vetter Florian, Lacroix Steve, Guth Serge, Stommes Yannik, Schuster David, Contrino Daniel,Thill Alex


Réserve: Hoscheid Serge, Schrantz Max, Chennaux Pit

Share |