Berbourg I: 4:1 Neierlaag am leschten Championnatsmatch 2014

Alliance Äischdall Hobscheid/Eischen - FC Berdenia Berbourg 4:1 (3:0)

 

Am wonnerschéinen neien Stadion zu Habscht gouf et eng relativ däitlech Neierlaag, déi awer opgrond vun der zweeter Hallschent ze héich ausgefall ass.

 

Berbuerg huet nervös ugefaangen, an huet mat diversen Ballverloschter an onnéidegen Fehlpäss de Géigner zu kengem Moment an den Grëff kritt. An der 6.Minutt konnt den Yannick Steffen mat engem super Reflex d'Féierung vun den Haushären nach verhënneren, hien war 2 Minutten drop awer ouni Chance, wéi mer de Ball beim eegenen Stroofraum liichtfärdeg verléieren, an den Stiermer zur Féierung erasetzen kann.


An der 16.Minutt den 2:0, wéi de Spiller aus dem Äischdall déi ganz Berbuerger Verteidegung mat engem iwwerraschenden Fräistouss vun der Ausselinn austrickst an markéiert.


Eischt an eenzeg Geleeënheet vun den Berbuerger an der éischter Hallschent war an der 27.Minutt, mee den Ball geet un d'Laat an hätt souwisou nët gezielt well den Fändel vum Assistent gehuewen war.

 

No enger halwer Stonn waren dei Orange ënner Dauerbeschoss: An der 30.Minutt konnt de Yannick Steffen ee strammen Wäitschoss aus 35 Meter nach esou just iwert d'Laat oofwieren. 2 Minutten drop rett de Potto, éier ët an der 33.Minutt erëm de Steffen as, deen een flaachen Schoss nach sou just paréiere kann. An der 38.Spillminutt markéiert den Fusiounsveräin de Pausenstand: eng eegen gudd Offensivaktioun get liichtfärdeg vertendelt, an d'Alliance haat keng Meih de Konter äiskaal zum 3:0 oofzeschleissen.

 

Nom Pausentéih ee ganz aanert Bild: Berbuerg selbstsecher, zweekampfstaark an voller Motivatioun bléist zur Ophueljuegd: An der 48. Minutt as et den Peter Lauer, deen mat sengem Distanzschoss den 3:1 markéiert.

 

Berbuerg kontrolléiert de Match, vun der Alliance Äischdall koum guer näischt méi: An der 72.Minutt verpasst den Dan Huss den Goal nëmme ëm Zentimeter, 2 Minutten drop geet et dem Kevin Madeira d'selwescht. An der 82. Minutt schléisst den Madeira ee laangen Ball riicht op de Keeper oof.

 

Eenzeg nennenswert Offensivaktioun vun den Haushären koum éréischt an der 83. Minutt zustaan, wéi de Stiermer eng Flank komplett an d'Fangnetz verzitt.

 

An der 86.Minutt verpasst de Peter Lauer eng stramm Flank em eng Fousslängt.

 

Eng Minutt drop koumen dei Aischdaller zum 4:1 Endstand, wéi se nô engem Corner oofschléissen kënnen.

 

Opgrond vun der zweeter Hallschent wier mat e bessen Chance souguer méi dra gewiescht, och wann mer an der eischter Halschent mat 3:0 nach gutt bedengt waren. Schued, sou gin mer mat mooren 10 Pinktelcher an d'Wanterpaus.  Do muss jiddereen an der Réckronn nach eng déck Schëpp dropleeën, soss get et eng ganz ellen Saison.

 

Den nächste Samsdeg, 29.11.2014 um 18:00 Auer, kennt et dann awer nach zum Highlight vum Joër, wou mer an der 16.-Finall vun der Coupe de Luxembourg de groussen F91 Diddeleng doheem am Stade Renert empfänken. 


FCBB: Steffen - Thies (88.Vetter), Weidert (C), Dias D., Benner - Madeira, Dias Ramada, Speltz, Dahm (66.Le Conte) - Huss (72.Contrino), Lauer


Réserve: Hristov, Le Conte, Contrino, Vetter, Hubert

 

Net dobäi: Petry, Kaufmann, Klein, Becker, Stommes, Mota, Schmit, Frank   

 

Share |