SCOLAIRES :  Verdingten 9. Erfolleg am 9. Match !

ENTENTE  BERBOURG/BIWER  -  ENTENTE PETITE SUISSE   2:1 (2:0)


Absolut verdingt huet d‘Equipe och de leechten Heemmatch virun der Wanterpaus gewonnen. Schued war, dat opgrond vun deene villen Goalchancen de Ball nët méi oft am géigneresche Goal geland ass.


Esou waren zwee schéin Wäitschëss vum Steven DOS SANTOS déi de Match zu eise Gonschten entscheed hunn. Praktesch mam Schlusspëff koum d’Equipe as dem Mëllerdall zum Éiregoal.


Mam leschte Match nächsten Samsdeg zu Iechternach hu mer d’Méiglechkeet  als Tabellenéichten d’Saison mam Maximum vun de Punkten ofzeschléissen. Do wärte mer alles dru setzen an och dee Match mat där néideger Konzentratioun ugoen .


EQUIPE : Sam KONSBRÜCK - Damien STEFFES, Jérôme KRING (C), Steven DOS SANTOS, Kevin INACIO -Leandro LOPES - Yannick SCHROEDER, Filipe PINTO, Glenn ARTOIS, Charel KREMER - Raffa ALMEIDA.


Réserve : Philippe SCHMIT, Sam WAINWRIGHT, Joé BENNER, Marco ERNSTER a Charel DUREL


Gefehlt hunn  Nick ASSEL a Jim SCHANEN  

Share |