Berbourg II: 3 wichteg Punkten zu Schieren erkämpft

F.C. Jeunesse Schieren II - F.C. Berdenia Berbourg II 1:3 (1:2)

 

Op engem durch d'Wierder bedéngt déiwen Terrain, hunn déi Berbuerger vun der éischter Minutt un d'Rudder an d'Hand geholl, a konnten sech sou och direkt e puer gutt Chancen erarbëchten.


Den Dany Le Conte konnt sech direkt 2 mol excellent iwwert dei lénks Säit durchsetzen, huet de Ball och gutt an de géignereschen 16er eranruecht, de Schierener Keeper an d'Laat hunn awer verhënnert dat den Alex Thill  an den Dan Huss fir Berbourg markéieren konnten.


Beim drëtte Versuch sollt et awer dem Alex Thill, erëm iwwert d'Combinaisoun Huss-Le Conte, geléngen den verdingten 0:1 ze schéissen. Duernô hunn déi Berbuerger awer e  bëssen u Concentratioun nôgelooss a sinn dunn och iwwert eng phase arrêtée per Kappball vun deenen Schierener mam 1:1 iwwerrascht ginn. Dëst sollt dei Berbuerger awer net laang schockéieren an sou ass et dem Daniel Dias, per Kappball iwwert e stramm eragezunne Corner vum Dan Huss, gelong den wichtege 1:2 virun der Pause ze erziehlen.

 

Zweet Halschent wollten d'Hausherren dunn direkt den Uschlosstreffer fannen an et ass hinen baal gelong an der 47. Minutt dëst ze erreechen. Duerch eng Glanzparade vum Berbuerger Keeper Georgi Hristov konnt den Ausgläich awer verhënnert ginn.


An deenen nächste Minutten krutten dunn déi Berbuerger sëllëg Chancen fir den erléisenden 1:3 ze marquéieren, dem Dan Huss sollt de Poteau 2mol am Wee stoen an dem Alex Thill ebenfalls. Bei all deem Pech, huet et dunn och nach dem Dany Le Conte an dem Serge Guth, alléng virum Keeper, un der néideger Rou gefehlt fir de Ball am Goal ze versenken.


An der Phase wou déi Berbuerger extrem gedréckt hunn, ass et deene Schierener baal gelong iwwert e schell ausgeféierte Conter den 2:2 ze schéissen, och hei stung de berbuerger Keeper Georgi Hristov deene Schierener erëm am Wee. Kuerz viru Schluss ass et deene Berbuerger dunn endlech gelong iwwert e Goal vum angewiesselte Max Schrantz Max de verdéngten 1:3 ze markéieren.

 

Fazit: Iwwert de Kampf verdéngt 3 Punkten mat op Berbuerg geholl.

 

Equipe: Hristov Georgi, Dias Daniel, Frondizi Eric (C), Hoffmann Claude, Vetter Florian, Lacroix Steve, Guth Serge, Le Conte Dany, Thill Alex, Frank Christophe, Huss Daniel


Réserve: Wagner Pit, Hoscheid Serge, Schrantz Max, Chennaux Pit.

 

Share |