Berbourg I: Eng weider batter Neierlaag

FC Berdenia Berbourg - FC Schifflange 95 1:3 (0:1)

 

Déi Schefflenger haaten den bessere Start a waren déi éischt Véirelstonn dréckend iwwerleeën. Dono koumen déi Berbuerger awer besser an de Match a konnten dergéint haalen an deelweis souguer de Match kontrolléieren. Déi besser Chancen haaten awer déi Giel-Greng, mat ënner aanerem engem Fräistouss un d'Laat an der 25. Minutt. 

 

Op Berbuerger Sait war et den Peter Lauer, deen an der 38.Minutt den 1:0 um Fouss haat, wei en iwwert riets aleng duerchgeet, awer leider de Keeper nët iwwerwannen konnt.

 

Kuerz virun der Paus kennen d'Gäscht den 0:1 markéieren, wéi hieren Stiermer am schnellsten reagéiert huet, an ee Noschoss zur Féierung konnt erasetzen. 

 

Nô der Paus hun dei Berbuerger gedréckt a gutt nô vir gespillt. An der 55. Spillminutt war et de Charel Weidert, deen ee Corner, deen déi Schefflenger net dégagéiert kruuten, konnt aus 15 Meter flach zum Ausgläich erasetzen. 

An der 63.Minutt war et ee Schefflenger Verteideger, deen ee Berbuerger Ugrëff nach sou just konnt op der Linn retten. 

 

5.Minutten duernô dunn de Schock: Mat engem wonnerschéin rausgespillte Konter, konnten déi Schefflenger d'Féierung markéieren, dëst mat hierer éischter gudder Offensivaktioun an der 2. Halschent. 

 

Berbuerg war weider bemeiht den Uschloss ze fannen, koum awer net zu konkreten Oofschlëss. 

 

D'Kréinung war den 1:3 vu Scheffleng, 2 Minutten viru Schluss, deen als Konterattack aus staark abseitsverdächteger Situatioun gefall ass, a sou eis Néierlaag perfekt gemaach huet. 

 

Trotz allen Beméihungen gelengt et eis nët, Punkten ze sammelen. Domadder bleiwen mer weiderhinn hannen an der Tabell stiechen. Vläit gelengt eis jo de nächste Sondeg, 23.11.2014 am läschten Championnatsmatch 2014 béim Tabelleleader Habscht/Aischen een Iwwerraschungserfolleg. Gespillt gëtt zu Habscht, wéi ëmmer um 16:00 Auer. 

 

Dônô hu mer awer nach 2 weider Heemmatcher am Stade Rénert: 

 

An der 1/16 Finall vun der Coupe de Luxembourg kennt  de Weekend vum 29/30 November 2014, déi erfollegsräichst lëtzebuerger Equipe aus deenen läschte Jôren, den F91 Diddeleng op Berbuerg op Besuch, wou de genauen Datum an d'Auerzait nach bestëmmt ginn.  

 

Déi Woch drop, de Sondeg 07.12. 2014 um 16:00 Auer spillen mer an der Coupe FLF géint den Avenir Beggen.

 

FCBB: Steffen - Thies, Petry (71.Huss), Weidert (C), Benner (79.Vetter) - Dahm, Speltz, Dias Ramada, Contrino (77.Schuster) - Madeira, Lauer


Réserve: Hristov, Huss, Schuster, Vetter, Le Conte

 

Nët dobäi: Kaufmann, Klein, Becker, Stommes, Frank, Mota, Schmit

Share |