FC Berdenia Berbourg II - Minerva Lintgen II  0:0

Berbourg II: Gerecht Punktedeelung géint Lëntgen II

 

An deenen éischte Minutten hunn déi Lëntgener probéiert mat laange Bāll déi Berbuerger Défense ze knacken, awer ouni Erfolleg. Déi Berbuerger hirerseits hu versicht sech d'Iwwerhand am Mëttelfeld ze erkāmpfen an et ass hinnen och gelong deen een oder aaneren geféierleche Ball an de géignereche Stroofrāum ze bréngen.


An der 35. Minut ass et dem David Schuster nët gelong, mat der beschten Chance aus der éischter Halschent, no enger perfekt nofir gespillte Flank vum Yannik Stommes, de Ball am Goal ze versānken.

 

No der Pause hunn déi Berbuerger den Tempo nach e bëssen ugezunn a konnten doduerch méi Drock op de Géigner ausūben. Dëst huet dozou gefouert daat dei Berbuerger sech e puer gut Goalchancen konnten erausschaffen, ennert aanerem durch ManU Haupert, Alex Thill, Daniel Dias a Christophe Frank, mais leider huet ëmmer déi leschte Konsequenz gefehlt.

 

An der Schlussphase wou Berbuerg onbedingt wollt den 1:0 fannen, koumen déi Lëntgener nach zu 2-3 gudden Chancen, wobei eng honnertprozenteg Goalméiglechkeet durch de Keeper Georgi Hristov konnt verhënnert ginn.

 

Fazit: Intensiven an équilibréierte Match mat ënnert dem Strëch enger fairer Punktedeelung.

 

Equipe: Hristov Georgi, Dias Daniel, Frondizi Eric (C), Hubert Tom, Vetter Florian, Lacroix Steve, Stommes Yannik, Guth Serge, Schuster David, Thill Alex an Huss Daniel


Réserve: Frank Christophe, Haupert Manuel an Hoscheid Serge

 

 

Share |