SCOLAIRES :  D’Saisonziel 2 Spilldeeg viru Schluss erreecht!

RM HAMM BENFICA 2 - ENTENTE  BERBOURG/BIWER   0:6 (0:2)

 

D’Equipe huet och am 8. Championnatsmatch néischt ubrenne gelooss géint d’Reserve-Equipe vun Hamm-Benfica a mat engem kloeren Erfolleg den Opstieg perfekt gemaach.

 

Trotz enger schwiereger Saison opgrond vu ville Verletzungen huet eis Equipe et awer verstaanen anstännege Fussball ze spillen a steet mam Maximum vun de Punkten onanhuelbar un der Tabellespëtzt.


Mir wäerten och an deenen zwee leschte Matcher, iwregens zwee Derbyën géint Berdorf/Consdorf respektiv géint Iechternach, alles drusetzen fir och do als Gewënner vum Terrain ze goen.

 

Gratulatioun zu deem Ereechtenen! Mir si prett fir dee nächste Schrëtt nô der Wanterpaus!

 

D’Goaler hu geschoss: Raffa ALMEIDA (3), Filipe PINTO, Charel KREMER a Kevin INACIO.

 

EQUIPE : Sam KONSBRÜCK - Sam WANWRIGHT, JERÔME KRING (C), Steven DOS SANTOS, Charel KREMER - Yannick SCHROEDER, Filipe PINTO, Glenn ARTOIS, Leandro LOPES - Raffa ALMEIDA.

 

Reserve : Philippe SCHMIT, Damien STEFFES, Kevin INACIO a Charel DUREL

Gefehlt hunn: Nick ASSEL, Jim SCHANEN a Marco ERNSTER 

Share |