Berbourg II schléit sech selwer zu Consdorf

US 01 Berdorf-Consdorf II - FC Berdenia Berbourg II 4:2 (3:1)

 

Dei éischt 10 Minuten hunn déi Berbuerger nach den Toun uginn an hunn sech direkt 2 gutt Chancen durch den Dany Le Conte erausgespillt. Op eemol wor d'Ordnung fort a Berdorf-Consdorf konnt innerhalb vun nëmmen 20 Minuten mat 3 Chancen 3 Goaler markéieren. Nom 3:0 hunn déi Berbuerger sech gerappt kritt an nach virun der Pause dee wichtegen 3:1 durch den Dany Le Conte erzielt.


No der Pause goung et an deem Rythmus weider an et ass deene Berbuerger dunn och gelong an der 70er Minut durch den Manuel Haupert den 3:2 Uschlosstreffer ze fannen. Zu deem Moment goufen d'Hausherren emmer mei nervös an dei Berbuerger waren drop an drun e Punkt matheem ze huelen.


Dës Euphorie sollt dunn awer kuerz virun Schluss durch e Messverständnis an der Berbuerger Verteidegung mam 4:2 Endresultat ausgebremst ginn.

 

Fazit: Ënnert dem Strëch verdéngt verluer, dei Berbuerger hunn einfach ze spéit ungefaang Fussball ze spillen!

 

Equipe: Hristov Georgi, Dias Daniel, Hoffmann Claude, Hoscheid Serge, Vetter Florian, Frondizi Eric, Stommes Yannik, Haupert Manuel, Thill Alex, Le Conte Dany, Frank Christian.


Réserve: Oswald Jérôme, Chennaux Pit, Schrantz Max.

Share |