Berbourg II eng Ronn weider

FC Berdenia Berbourg II - Koeppchen Wormeldange II 4:1

 

An deenen éischten 20 Minuten hunn d'Gäscht den Tempo uginn, konnten awer nie richteg geféierlech virun de Berbuerger Goal kommen. Dunn, an der 22 Minut konnt de Florian Vetter no engem perfekt erausgespillte Konter den 1:0 fir d'Haushären markéieren. Mat deem Untrieb goung et déi nächst Minuten weider, an et ass deene Berbuerger gelong durch e wonnerschéinen Schoss an de Wënkel vum Daniel Benner mat 2:0 an d'Pause ze goen.

 

Dei 2 Hallschent goung an deem selweschte Rythmus weider, déi Wuermer hu probéiert offensiv bëssen méi ze maachen, waat hinnen nët sollt gelengen an durch e Kontergoal vum Schuster David mat 3:0 sollt bestrooft gin.


An deenen nächste Minuten krutten déi Berbuerger nach sëlleg Chancen dei de Christophe Frank awer nët verwerten konnt. 5 Minuten virun Schluss konnt erem iwwert den David Schuster, de 4:0 markéiert ginn. An der letzter Minut ass et awer de Gäscht gelong dei Berbuerger Défense ze knacken a sie konnten de 4:1 Endresultat erziehlen.

 

Fazit: Gudden Optrett vun deene Berbuerger déi sech durch hiert Engagement géint eng staark Wuermer Equipe fir dei nächst Ronn qualifizéieren konnten.

 

Equipe: Hristov Georgi, Dias Daniel, Frondizi Eric, Hubert Tom, Vetter Florian, Lacroix Steve, Stommes Yannik, Oswald Jérôme, Benner Daniel, Chennaux Pit, Frank Christophe

Réserve: Schuster David, Coelho Stéphan,Schrantz Max.

 

 

 

Share |