Berbuerg I léisst ët kraachen


FC Berdenia Berbourg - Sporting Bertrange 9:1 (3:0)


Bei herrlechem Hierschtwieder hunn eis Jongen bewisen, zu wat se fäheg sinn an setzen sech heichverdengt géint Bartreng duerch.


De Blo-Giel Gäscht waren awer an der éischter Véirelstonn méi bësseg an haten déi éischt Chance vum Match, mee den an d'Déift gespillten Stiermer ass mat sengem Schoss um Yannick Steffen hänken bliwwen.


Déi éischt gutt Berbuerger Chance sollt an der 17.Minutt direkt Friichten droen: De Peter Lauer schéckt de Kevin Madeira op d'Rees, deen äiskal zum 1:0 markéiert. An der 25. Minutt war et een oofgefäschten Flank vum Yves Dahm déi nach sou just vun der Bartrenger Verteidegung op der Goallinn gerett gouf. Den uschléissenden Corner gëtt rausdegageiert, den Ball fält dem Pit Speltz virun d'Féiss, deen den Ball op de Peter Lauer um 2. Potto erabréngt, deen direkt an den laangen Eck zum 2:0 markéieren kann.


An der 34. gëtt de Kevin Madeira nach sou just virum Strofraum gefoult an den Bartrenger Spiller gesäit doropshin déi giel Kaart, een aneren kritt no Récksprooch vum Arbiter mat sengem Assistent déi rout Kaart, well en op ee vun eisen Spiller gespaut huet.


Weider gutt Chancen goufen net benotzt, Kevin Madeira a Peter Lauer bleiwen allen béid um Keeper hänken (36.38. Minutt). Kuerz virun der Paus dunn awer nach den 3-0: Eng laang Flank vum Serge Thies fënnt den Peter Lauer, deen per Volley flaach markéieren kann.


Nom Pausentéi hunn sech déi Bartrenger weider geschwächt wei se déi 2. rout Kaart kasséieren, dëst well den Bartrenger Spiller den Arbiter beleidegt huet.


An der 59. Minutt war et de Kevin Madeira, deen mat sengem geféierlechen Schoss just d'Lat trefft. 2 Minutten drop koumen d'Gäscht dunn iwwerraschenderweis zum Uschlosstreffer: eng Flank fënnt den onbewaachtenen Stiermer, deen per Flugkappball verkierzen kann.


Dono ass et awer nëmmen an eng Richtung gaangen: Bartreng huet weider probéiert offensiv matzespillen, an koum dunn duerch eis Konteren ferm ënnert d'Rieder:


·         66. Minutt: De Kevin Madeira gëtt an den 16er ugespillt wou en sech duerchsetzt, an zréck op de Peter Lauer spillt, deen keng Meih huet zum 4:1 ze markéieren.


·         68.Minutt: Déi selwecht Situatioun just emgedreiht: De Peter Lauer geet duerch, spillt zréck op de Kevin Madeira, de Verteideger kritt den Ball allerdéngs onglécklech widdert d‘Been an markeiert domadder selwer ... 5:1.


·         72. Minutt: Dee grad virun enger Minutt agewiesselten Dany Le Conte markéiert den 6:1 per Nôschoss, nodeems säin 1. Versuch nach ofgewiert gouf.

 

·         75. Minutt: Dee mam Dany Le Conte agewiesselten Daniel Contrino schreiwt sech och an d'Goallescht an, wei e fräistehend zum 7:1 markéiert.


·         83. Minutt: Den Dany Le Conte setzt den entretemps agewiesselten Dan Huss wonnerbar an Szen: 8:1


·         87. Minutt: Den Dan Huss spillt den Daniel Contrino op 16 Meter un, säi Schoss segelt zum 9:1 Endstand an den laangen Eck.


Gudden Fussball, schéi Konteren an schéi Goaler géint eng Bartrenger Equipe, déi sech selwer am Wee stoung.


Een ganzt héicht Resultat, wat awer duerchaus verdéngt war. Gutt Leeschtung vun eisen Jongen, déi lues awer sécher hiren Rhythmus fannen.


Nächsten Sonnden paust den Championnat, dô reesen mer op Kielen bei eisen Divisiounsnoper aus dem 1.Bezierk wou mer um 16:00 den nächsten Tour vun der Coupe de Luxembourg spillen.


FCBB: Steffen - Thies, Weidert (C), Petry, Benner - Speltz, Mota (71.Le Conte), Dias Ramada, Dahm (71.Contrino) - Madeira, Lauer (73. Huss)


Réserve: Hristov, Le Conte, Contrino, Huss, Kaufmann


Net dobäi: Klein, Becker, Stommes, Frank, Schmit, Vetter, Schuster, Léen

 

Share |