2. Victoire fir Berbourg II

FC Berdenia Berbourg II - FC Bastendorf 47 II 4:2 (2:1)

 

Nô engem duerchwuessenen Ufank fir béid Equipen konnt nô 20 Minuten Berbourg durch e Goal vum Dany Le Conte mat 1:0 an Féierung goen.


Nëmmen 10 Minuten méi spéit ass et dem Dan Huss gelong per Fräistouss den 2:0 fir dei Berbourger ze schéissen.  Dei Bastenduerfer hun hieren Match awer disziplinéiert weidergespillt an konnten kurz virum Téi nach dee wichtegen 2:1 Unschlosstreffer erzielen.


Esou wei dei 1. Halschent op en Enn gaang ass, esou huet se och erëm ungefaang, an der Art an Weis ass et den Bastenduerfer och gelong an der 50er Minut den 2:2 Gleichstand ze markéieren. Doropshinn hun déi Berbuerger sech erem gerappt an  konnten duerch e Schoss aus 30 Meter vum Spillertrainer Steve Lacroix mat 3:2 an Féierung goen.


Déi Bastenduerfer hun dunn probéiert nach e Punkt matzehuelen, hunn awer durch eng ganz schéin Spillausféierung geleed vum ManU Haupert, iwwert de Christophe Frank den erléisenden 4:2 fir dei Berbuerger erzielt. An der letzter Minutt krut Bastenduerf nach en Eelëfmeter fir sech, deen den Keeper vun Berbuerg, den Daniel Becker excellent erausfëschen konnt.

 

Fazit: Wichteg erkämpften 3 Punkten ennert schweier Wiederconditiounen geint eng ganz fair an disziplinéiert Bastenduerfer Equipe.

 

Equipe: Becker Daniel, Dias Daniel, Hoffmann Claude, Hoscheid Serge (C), Vetter Florian, Guth Serge, Chennaux Pit, Haupert Manuel, Huss Daniel, Le Conte Dany, Lacroix Steve

Réserve: Frank Christian, Thill Alex, Schrantz Max an Frondizi Eric

 

Haut, Freiden 24.10.2014 um 20:00 gëllt et dann auswäerts géint Berdorf-Consdorf déi selwecht Leeschtung op den Terrain ze bréngen.

Share |