Berbourg I erkämpft sech ee Punkt am Derby géint d‘UMW


Union Mertert/Wasserbillig – FC Berdenia Berbourg 2:2 (2:0)

 

An engem rassegen Derby konnten sech eis Jongen no guddem Kampf ee Punkt beim Nôper sëcheren.

 

Bei beschtem Hierschtwierder haaten d'Gäscht dei 1. gefeierlech Aktioun an der 14.Minutt: De Kevin Madeira schéckt den Yves Dahm an den 16er, säi strammen Schoss geet awer knapp iwwert de Goal.

 

Den 1:0 fir d'Lokalequipe sollt duerch hier 1. Goalchance an der 22.Minutt faalen, wéi den Stiermer iwer riets an den Stroofraum ranzitt an den Ball kann äiskaal an de laangen Eck rasetzen. 10 Minutten drop haat den Rafael Mota eng gut Fräistoussgeleeënheet mee de Ball geet driwer.

 

An der 38.Minutt haat d'UMW den 2:0 zweemol um Fouss, mee de Pol Petry rett ee Schoss op der Goallinn an den Nôschoss gëtt vum Yannick Steffen am Goal paréiert. Zwou Minutten drop eng weider Riesenchance fir déi Giel-Schwaarz, mee den Spiller verzitt säi Schoss fräistoënd aus 12 Meter.

 

Turbulent ass et an der 44.Minutt weidergaangen: Berbuerg schéisst duerch den Yves Dahm per Nôschoss den Ausgläich, deen awer fälschlecherweis an aus onerklärlechen Grenn ooferkannt gouf. Duerch d'Onrouhen an d'Opregung um Terrain bevierdeelegt, koum d'UMW zur 2:0 Föierung, wéi een oofgefälschtene Schoss onhaalbar de Wee an eisen Goal fonnt huet.

 

Nô der Paus hun déi Berbuerger op e puer Positiounen ëmgestallt an Alles dru gesaat, sëch rëm runzekämpfen. Dëst as hinnen och méi wéi gelong: An der 50.Minutt war et den Yves Dahm, deen den Uschlosstreffer markéiert, wéi en an d'Déiwt geschéckt gouf an dem Keeper keng Chance gelooss huet. Kuerz drop huet ët de Pit Speltz mat engem gudden Waitschoss probeiert.

 

Et as hin a hier gaang: Op der aanerer Sait hu Pol Petry a Yannick Steffen zesummen eng Chance vereitelt (56.Minutt) ier den Steffen an der 60. Minutt een Fräistouss gudd paréiert.

 

An der 65.Minutt war et rëm den Yves Dahm, deen eng Flank vum Pit Speltz per Volley a Richtung Goal ooffeiert, mee de Schoss geet knapp derlaanscht.

 

2 Minutten drop dun den erléisenden 2-2: De Peter Lauer kritt den Ball lénks am Stroofraum, ëmspillt de Keeper, an zirkelt de Ball aus quasi onméiglechem Wenkel an den Filet.

 

D'UMW ass, wéi de ganzen Match, geféierlech op Standartsituatiounen bliwen: An der 75.Minutt retten Potto a Yannick Steffen, an zwou Minutten drop verpassen dei Miseler de Goal ëm Zentimeter mat enger gudder Kappballchance.

 

Läscht Grousschance vum Match haat de Rafael Mota mat engem strammen Distanzschoss an der 87 Minutt, mee den Verteideger huet sech an den Ball gehait an devieiert den Ball knapp an den Corner.

 

Alles an allem huet dës interessant Partie keen Gewënner verdengt gehaat. Berbuerg huet sech an der 2.Hallschent rëm vun hierer aaler bekannter Säit gewisen: Mam Messer tëschend den Zänn onbedéngt wëllen zu engem gudden Resultat kommen. Sou soll daat sin, weider sou Jongen!!!

 

FCBB: Steffen - Speltz, Petry, Dias Ramada (C), Benner - Contrino (46.Thies), Mota, Stommes (46.Weidert), Dahm (79.Huss) - Madeira, Lauer

 

Réserve: Hristov, Thies, Weidert, Huss, Le Conte

 

Net dobäi: Kaufmann, Klein, Becker, Schmit, Frank, Vetter, Schuster, Léen 

 

 

Share |