D’Berbuerger Pupillen gewannen 3:6 (0:6) zu Rouspert

FC Victoria Rosport- FC Berdenia Berbourg  3:6 (0:6)

 

Eng ganz stark éischt Halschent vun eisen Jongen huet déi éischt Néierlag vun de Rousperter Pupillen zanter bal 18 Méint besiegelt.

 

Och mir waren an der Hinronn vun der lëschter Saison matt 1-16 géint Rouspert ënnert d’Rieder komm. Ët as nët iwwerdriwwen ze behapten, dass déi éischt Halschent, eis Stärkst bis elo iwerhaapt war. D’Jongen hun d’Virgaben bal perfekt ëmgesât an esou ass ët dunn och matt enger 6:0 Féierung an t’Paus gaangen!

 

An der zweeter Halschent waren mir nët méi grad esou konzentréiert, an déi Rousperter Bouwen hunn eis méi staark konnten ënner Drock setzen, matt der Conclusioun dass Rouspert 3 Mol markéieren konnt.

 

Trotzdem : Kompliment unn eis Jongen a weider esou!

 

D’Goaler hu geschoss : Tim (2), Charel (2), Pedro a Leo.

Equipe: Gerry an Tim (am Goal), e Sam, Pedro, Alessio, Daniel, Pit, Leo, Lylian, Charel, Edoardo.

 

Share |