Berbourg II verléiert trotz guddem Asaatz

Jeunesse Junglinster II - FC Berdenia Berbourg II 2:0 (1:0)

 

Déi éischt Chance am Match haaten déi Berbuerger direkt an der 1er Minutt durch den Dany Le Conte, deen sech géint 2 Jonglënster Spiller gutt durchsetzt awer vum Goalkeeper ofgefaang gëtt. Dësen relancéiert en direkte Ball wäit no vir op säin Stiermer dee geschéckt an engem Laafduel um Strofraum en Eelëfmeter eraushëllt, an dann heescht ët 1:0 fir Jonglënster.

 

Déi Berbourger hunn sech awer net schockéiert gewisen a konnten ëmmer méi Drock op de Géigner ausüben. Virun der Pause haaten dei Berbuerger nach e puer gut Chancen den Ausgläich ze fannen ënnert aanerem duerch Dany  Le Conte Dany, Daniel Dias, Pit Chennaux a Paulo Lopes, leider alles ouni Erfollëg.

 

Dei 2. Hallschend gouf dunn an der selwechter Intensitéit weidergespillt an déi Berbuerger hunn de Rythmus nach verschärft. Bei engem Corner an der 65. Minut huet den Spillertrainer Steve Lacroix de Goal nëmmen knapp per Kappball verpasst. Just 5 Minuten méi spéit kann den Alex Thill nô engem schéinen Solo leider och net d'Kurel versenken.

 

Genau an dëser Phase konnten dei Lënster, ërëm duerch e wäite Ball,  den iwwerraschenden 2:0 erzielen. Trotz Réckstand an nemmen nach 10 Minuten ze spillen, hunn dei Berbuerger awer alles probéiert fir nach den Ausgläich ze fannen, waat hinnen awer nët gelengen sollt.

 

Fazit: Super gekämpt, disziplinéiert gespillt, awer leider mat ganz vill Pesch géint eng stark Jonglënster Equipe verluer.

 

Nächste Match gellt et dann géint Bastenduerf 3 Punkten ze huelen

 

Equipe: Hristov, Thies, Dias, Frondizi (C), Vetter, Chennaux, Stommes, Lacroix, Thill, Lopes, Le Compte.

 

Reserve: Hoscheid, Schrantz, Coelho an Scholtes

 

 

Share |