Berbourg I:  1 Punkt wier verdéngt gewierscht

FC Berdenia Berbourg – Sporting Bettembourg 1:2 (1:1)

 

Obschons eis Equipe deelwéis mat guddem Asaatz gespillt huet, an 1 Punkt sëcher verdéngt gewierscht wier, sollt ët awer nët klappen an d'Jongen stinn zum Schluss mat eidelen Hänn dô.

 

Déi éischt Chance am Match haaten déi Beetebuerger wéi sie an der 5.Minutt nô engem Corner e Kappball iwwert de Goal gesât hunn. Duerno ass nët  vill geschitt op béide Säiten an ët war an der 15. Minutt wéi den Dan Huss mat engem präzisen Pass de Kevin Madeira konnt an Szene setzen, dëse leet de Ball weider  un den Daniel Contrino, dien eleng duerchgeet an e Corner fir seng Equipe eraushëllt, den uschléissende Kappball vum Dan Huss sollt awer nët eragoën.

 

An der 20.Minutt war ët dunn esouwéit, wéi eise Goalkeeper eng Flank nët konnt richteg festhaalen, an de Géigespiller am Nôschoss zum 0:1 fir déi Beetebuerger ka markéieren.  Awer ët huet just bis an déi 25.Minutt gedauert bis Berbuerg reagéiert huet. Nô engem Corner fauscht de Keeper de Ball eraus, den Daniel Contrino kréit de Ball a schéisst aus der Distanz, säi  gudde Schoss geet zum 1:1 eran.

 

An der 37 Minutt kann de Yannick Steffen  e stramme  Schoss aus  16 Meter mat enger Glanzparad gutt klären. Geféierlech sinn déi Berbuerger  an der 42.Minutt, de Pit Speltz mëcht e lange Ball op den Daniel Contrino, dien awer aleng virum Goal de Ball nët kann eramachen  an ët mat 1:1 an d’Paus geet.

 

Nôm Téi hunn déi Berbuerger hier beschte Phase an dësem Match,  wou sie mat engem engagéierten Optrieden de Géigner verschidde Mol kënnen a Bedrängnis bréngen. Esou probéiert den Daniel Benner ët an der 53. Minutt mat engem Wäitschoss, dien awer iwwert de Goal geet, e Fräistouss vum Rafael da  Mota, nô engem Foul um Pit Speltz geet knapp lanscht. Och e Kappball vum Peter Lauer op de Kevin Madeira, sollt nët d’Erléisung fir déi Berbourger brengen, de Madeira kann aus 5 Meter nët markéieren. Den opfällegen Madeira kann sech e puer Minute méi spéit duerch 4 Beetebuerger am 16-Meter Raum duerchdribbelen, hien kënnt awer leider nët zum Ofschluss.

 

Eng weider Chance ergëtt sech wéi de Peter Lauer nô enger Pass vum Madeira aleng virum Goal steet, awer nët annetzen kann. Déi lescht gutt Chance fir eis Faarwen war an der 83. Minutt wéi den Daniel Contrino sech gutt kann duerchsetzen, de Pit Speltz de Ball dann awer op de Keeper schéisst.

 

Déi äiskall Dusch kënnt dann an der 85.Minutt, wou eis Défense nët richteg ka klären, a wuel och e Moment onopmierksam war, e stramme Schoss vu riets kënnt an d’Mëtt, an de Beetebuerger Spiller dien de Ball unhëllt, mëcht den 1:2.

 

Esou gëtt déi Berbuerger Equipe  nët belount a verléiert dëse Match, obschons  verschidde Spiller e gudden  Asaatz a Wëllen fir ze gewannen, gewiesen hunn. Wa verschidden, bis elo nach blesséiert, Spiller an de nächste Wochen an d’Equipe zréckkommen, kënnt mat hinnen sëcher och Spillerfahrung a Stabilitéit zréck. Et heescht elo nët de Courage verléieren, a weider op positif Resultater ze hoffen.

 

Nächste Match ass e Sonndeg de 19.10.2014 um 16:00 Auer auswäerts géint d'Union Mertert-Wasserbëlleg. Kommt dëse Lokalderby kucken an eis Jongen ënnerstëtzen.

 

Equipe: Steffen, Kauffmann (Le Conte 75.),  Petry, Dias Ramada, Benner, Mota, Hubert, (Dahm 60.) Speltz, Contrino, Huss (Lauer 45.), Madeira

 

Reserve: Becker; Dahm, Le Conte, Stommes,  Lauer

 

Nët dobäi: Weidert, Thies, Klein, Hristov, Schmit, Frank, Léen, Vetter, Schuster

 

 

 

 

 

Share |