Scolaires: mat vill Gléck zu 3 weidere Punkten!

ENTENTE PETITE SUISSE - ENTENTE  BERBOURG/BIWER   4.5 (1:2)


E ganz hekteschen Derby mat 9 giele Kaarten, dovun zwou giel/rouder, hunn d’Zuschauer erliewt zu Bärdrëff.


Duerch déi vill Onrouh huet d’Spill enorm gelidden, eis Equipe huet während dem ganze Match nët zu deem gewinnte Spillfloss fonnt a kann sech glëcklech schätzen fir um Enn de ganzen Asatz ze kréien. Dônô huet ët  5 Minuten viru Schluss absolut net ausgesin wou mir nach 4-2 hanne luchen .


D’Goaler hu geschoss : Raffa ALMEIDA (2), Steven DOS SANTOS, Glenn ARTOIS a Jérôme KRING.

 

EQUIPE : Sam KONSBRÜCK - Damien STEFFES, Steven DOS SANTOS, Kevin INACIO  - Charel KREMER, Jérôme KRING (C) – Yannick SCHROEDER, Filipe PINTO, Glenn ARTOIS, Leandro LOPES - Raffa ALMEIDA.


Reserve : Philippe SCHMIT, Sam WAINWRIGHT, Marco ERNSTER


Gefehlt hun  Nick ASSEL, Jim SCHANEN, JOE BENNER an Charel DUREL (alleguer  verletzt) 

Share |