Coupe Seniors Réserves: Berbourg 2 entscheed de Match an der 2. Hallschend

Beckerich II - Berbourg II 1 : 3 (1:0)

 

Dei Biekerecher haaten den besseren Start an konnten no 15 Minuten an Féierung goen. Berbourg huet versicht mat eenzelnen gut Aktiounen vun David Schuster, Christophe Frank an Dany Le Conte den Uschloss ze fannen, waat hinnen awer net geléngen sollt. Mam Résultat vun 1:0 ass et dunn an d'Pause gang. Déi éischt Halbzeit huet kloer den Haushäre gehéiert.

 

Nô der Paus konnten déi Berbourger  sech rappen an hunn direkt nôm Ustouss de Match an de Grëff geholl an sie konnten durch de Wenzel Schommer an der 50 Minutt den Ausgläich erziehlen.

 

Kuerz duerno konnt bei engem stramm eragezune Corner vum Eric Frondizi, de Christophe Frank per Kappball den 1:2 schéissen. Ab dem Moment kruten dei Berbourger eng Chance nô der ânerer, leider konnt een Eelëfmeter sou wéi 2 excellent Eenzelaktiounen vun David Schuster an Dany Le Conte nët deen erléisende 3:1 bréngen. Dëst huet derzou geféiert dat dei Béckerecher nach emmer un hier Chance gegleeft hun an 5 Minute viru Schluss durch en Fräistouss vun 16 Meter bâl den 2:2 fonnt haaten, mee deen de Georgi Hristov durch eng Glanzparade verhënnere konnt.

Kuerz virun Schluss ass et dunn awer deene Berbourger gelong iwwert den Dany Le Conte den Match mam Endresultat vun 1:3 fir sech ze entscheeden.

 

Fazit: Een durch Conditioun, Asaatz an Gedold gewonnene Coupe-Match, géint eng daaper kāmpfend Equipe vun Beckerich.

 

Opstellung: Hristov, Hoscheid, Thies, Vetter, Chennaux, Frondizi (C), Le Conte, Petry F., Schuster, Schommer, Frank.

Réserve: Oswald, Coelho an Schrantz

Trainer: Schmit Tom

 

 

Share |