Coupe de Luxembourg: Berbourg mam längerem Otem


FC Berdenia Berbourg - FC 47 Bastendorf  4:1 n.V. (0:1;1:1)

 

An engem spannenden Match konnten sech dei Orange am drëtten Tour vun der Coupe de Luxembourg an der Verlängerung behaapten.

 

Dei Berbuerger hu staark ugefaangen, goufen awer direkt mat der 1. Geleeënheet vu Bastenduerf mam 0:1 bestrooft. Eng schaarf, flaach eragespillten Flank aus dem Halleffeld konnt den Stiermer äiskaal notzen.

 

Dn Kevin Madeira haat an der 31. Minutt den Ausgläich um Fouss, wéi hien aleng an den 16er ragezunn ass, mee säin Schoss war verzunn an trefft nemmen d'Aussennetz.  An  der 38.Minutt ënnerschätzt de Yannick Steffen am Goal e Fräistouss, dien op d'Laat geet, de Ball fällt virun d'Féiss vun engem Bastenduerfer Spiller, diem säi Schoss gëtt awer dunn gutt vum Steffen oofgewiert.

Beschten Chance fir Berbuerg an der 44.Minutt: Een Goalschoss get op der Linn geklärt an den Nôschoss get vum Bastenduerfer Verteideger oofgewiert, dien sech an den Ball gehait huet.

 

No der Paus koum den Match rem schweier an d'Gäng. An der 60.Minutt war et de Rafael Mota, deen et mat engem gudden Schoss, leider ouni Erfolleg, probeiert huet, ier d'Gäscht den Drock erheigen konnten. E Kappball geet knapp iwert den Goal (65.Minutt) an een Lupfer resp. den Nôschoss konnten och net genotzt gin (76.Minutt). An der 80.Minutt huet den Steffen eis mat enger gudder Parad am 1 geint 1 am Match gehaal. Direkt am Geigenzuch kritt de Kevin Madeira am 5-Meter-Raum den Ball gespillt, e get awer oofgedrängt an trëfft nëmmen d'Aussennetz.

 

An der 88.Minutt gëtt Bastenduerf duerch eng giel-rout Kaart déziméiert a Berbourg huet vun do un alles no fir gehäit a sollt mat der allerläschter Aktioun belount gin: Den agewiesslten David Schuster zitt iwer riets no fir, spillt diem  mat opgereckelten Dias Ramada an den Fouss, deen sicht op 16Meter den Oofschloss an fënnt um 2. Potto den Dan Huss dien zum 1:1 rasetzen kann.

 

An der Verlängerung huet just nach eng Equipe gespillt, an daat waren dei Berbuerger. Bastenduerf koum net mei hannen raus an haat an der 99.Minutt Chance, wei Berbuerg een schnellen Konter nët oofschleissen konnt. Pech haaten se allerdengs an der 105.Minutt, wéi den Dan Huss de Madeira iwert Riets op d'Rees scheckt, dien eng stramm Flank raspillt an den Verteideger den Ball an den eegenen Filet devieiert: 2:1. 4 Minutten drop, gouf et eng weider giel-rout Kaart fir Bastenduerf, des Keier weinst enger Schwallef.

 

Fir den Rescht goufen et Chancen am Minuttentakt. Den Daniel Contrino konnt an der 110. Minutt ee gudden Konter nach nët notzen, eng Minutt drop konnt den emsegen Madeira mat sengem oofgefälschten Schoss aus 12 Meter den 3:1 markeieren. Schlusspunkt setzt den David Schuster an der 112.Minutt mam 4:1.

 

Sou as e spannenden Nômëtten am Stade Rénert op en Enn gaangen. Nächsten Sonnden geet et weider mam 8.Spilldaag, rëm am Stade Rénert, géint den Opsteiger vun Bettembourg, wéi emmer um 16:00 Auer.

 

FCBB: Steffen - Kaufmann (C, 61.Dahm), Dias Ramada, Petry, Benner - Hubert (69. Le Conte -verletzt, 80.Schuster), Mota, Speltz, Contrino - Madeira, Huss

 

Réserve: Hristov, Dahm, Le Conte, Schuster, Vetter

 

Net dobäi: Weidert, Thies, Klein, Lauer, Becker, Schmit, Frank, Stommes, Léen.

 

 

 

Share |