T’Pupilles verléieren matt 2:4 (1:2) géint Grevenmacher 1


 

E flotte Match matt ville Goalchancen op béide Säiten hun d'Spectateuren e Samsteg zu Berbuerg gesinn.

 

Leider sin eis Bouwen schlecht an de Match gestart a schnell matt 0:2 hannen komm. Mir haaten an der éischter Halschent vill Aktiounen virum gégnereschen Goal, mä nemmen een Goal (vum Charel Dahm) sollt vir eis eraussprangen. Matt 1:2 ass et an t'Paus gaangen.

 

Déi zweet Halschent hun mir gudd ugefaangen, mä t'Gooler sollten déi Maacher schéissen, sou dass mir op emol matt 1:4 hannen louchen.

Eis Jongen hun de Kapp awer nie hänken gelooss an weiderhin alles probéiert. Sou konnt de Lylian dann och den 2-4 markéieren, deen méi wéi verdengt war. 

 

Dem Eric villmols Merci vir säin Asatz an Arbitrage.

 

Equipe: Gerry, Pedro, Tim, Alessio, Pit, Edoardo, Daniel, Sam, Lylian, Leo, Charel.


E schéine Succès haat  eis Entente Berbourg/Biwer an de Poussins, sie konnten  mat 5:0 (3:0) géint hier Kollegen vun der Jeunesse Junglinster gewannen.

Share |