Berbourg I: Marc Wengler get sain Posten als Trainer op.

Den Seniorstrainer vum Fc Berdenia huet no der Défaite läschten Sonnden zu Wuermer (2-3) d'Equipe an den Comité iwert sain Recktrett als Trainer informeiert.
 
Aus deem Recktrett huet sech een neit Trainerduo rauskristalliseiert, dei ab elo d'Vertrauen vum Comité geneissen an d'Verantwortung iwert d'Equipe hun: Den Gil Cajao (Co-Trainer bis elo) an den Tom Hubert (2.Equipestrainer läscht Saison an aktuellen Spiller) deelen sech d'Verantwortung, fir den Fc Berdenia rem an dei richteg Spuer ze feieren, wou jiddereen gefuerdert as, matzezeien.
 
Op deser Plaatz dem Marc awer nach eng Keier deen allergreissten MERCI, eischtens mol fir seng exemplaresch Aarbescht, dei en bei eis oofgeliwert huet, mee och fir sain onermiddlechen Eiergaiz, deen en Daag fir Daag demonstreiert huet. Him as et gegleckt, an enger schwiereger Saison mat engem dennen Kader, daat beschten Resultat an der Verainsgeschischt ze realiseieren.
 
Eisem neien Duo wenschen mir op desem Wee natierlech Bonne Chance an eng allzait glecklech Hand. 
Share |