Déi éischt 3 Punkten fir Berbourg II

Berbourg II - Diekirch II 2:1 (1:0)

No 10 Minuten hat Berbourg déi 1.Chance, déi awer nët konnt genotzt

ginn , an der 20 Minutt konnt de Christophe Frank sech géint säi Verteiteger excellent durchsetzen, versetzt dobäi och den Goalkeeper deen ze wäit erausgereckelt ass, mee kritt leider nët genuch Drock hannert de Ball fir dësen iwwert d'Linn ze schären.

Dann, an der 35 Minut sollt et bei engem Corner fir Berbourg dem Frank bei sengem 3en Versuch gelengen den verdingten 1-0 fir d'Hausherren ze markéieren. Just e puer Minuten duerno sollt et dem Leconte, nôp engem perfekt ausgeféiertem Konter, leider net gelengen den 2-0 ze schéissen. Mat deem Resultat goung et dann an d'Pause.

Noom Unstouss goung et an deem Rhytmus weider an, an der 50 Minut sollt et dann och dem Leconte geléngen den 2.0 fir Berbourg ze erzielen.  Berbourg huet dunn weider gedréckt fir den befreienden 3:0 ze markéieren, krutt och sëlleg gutt Geleeënheeten virum Goal, durch ennert anerem Haupert, Frank a Leconte, dei awer all net dei neideg Réussite konnten opbréngen.

Dass dei Berbourger de KO nët hikritt hun huet dei Dikkrecher erem opgebaut, esou dat sie sech net opgin hunn, a weider unn hir Chancen gegleeft hun fir an desem Match zëréck ze kommen. De Gaascht huet dunn och mei Drock nô fir ausgeübt an gouf fir deen Ansaatz mam 2:1 durch en Selbstgoal belount.

Dei lescht 10 Minuten hun dunn deene Dikkrecher gehéiert déi bis zur leschter Minute probeiert hunn nach e Punkt mat Heem ze huelen waat Hinnen awer net sollt gelengen.

Fazit: Gut gekämpft, disziplinéiert gespillt an trotz Mangel u Réussite virum Goal, ass et deene Berbouger gelongen déi ésicht 3 Punkten fir dës Saison ofzesecheren.

Opstellung: Hristov, Vetter, Dias, Frondizi (C), Chennaux, Stommes, Lacroix, Haupert, Lecompte, Lopes, Frank

Réserve: Hoscheid, Schrantz, Petry F. , Schommer an Coelho.

E Freiden, den 3. Oktober geet dann op Beckerich fir den nexten Tour vun der Coupe Seniors II ze spillen.

Share |