Berbourg I: 3:2 Néierlaag zu Wuermer

FC Koeppchen Wormeldange - FC Berdenia Berbourg  3:2  (2:0)

 

Opgrond vun enger duerchwuessener 1. Halschent vun eiser Equipe konnten dei Wuemer hier Dominanz zimlech liicht an Goaler ëmmënzen: An der 36.Minutt den 1-0 duerch ee Lob aus 16.Meter, an der 40. Minutt een weideren Lupfer no engem Konter, wei den Stiermer den Ball fräi an der Mëtt vum Stroofraum konnt unhuelen. Ee Laatentreffer an der 27. Minutt sou wéi ee ganz gefeierlechen Fräistouss an der 46. Minutt konnten dei Wuermer net notzten.

No der Paus hunn sech dei Orange gerappt an konnten dergéint haalen: Ee wonnerschein rausgespillten Goal sollt den 2-1 bedeiten: Den Pit Speltz spillt den Kevin Madeira iwert d'Verteidegung un, deen sehenswert verkierzen kann.

Et sollt weider hin an hier goen mat gefeierlechen Konterattacken vun deene Wuermer: Sou och an der 71.Minutt, wéi den Wuermer Spiller eisen Keeper konnt iwwerspillten an äiskaal zum 3-1 markeiert.

Den agewiesselten Christophe Frank konnt an sengem éischten Match no laanger Verletzungspaus den 3-2 an der 78. Minutt markéieren, wéi en no enger Flank als éischten konnt un den Ball kommen.

Wuermer huet weider gutt gekontert an et war den Daniel Becker deen eis nach am Match gehaalen huet.

Läscht Minutt, läscht Grousschance mee den Wuermer Keeper konnt den 3:3 mat engem super Reflex no engem Corner verhënneren.

 Mam Championnat as elo mol Paus, vläit brengt eis den Coupe-Match nächsten Sonnden um 16:00 Auer am Stade Rénert geint Bastenduerf daat neidegt Selbstvertrauen zeréck.

 

FCBB: Becker - Benner, Petry, Kauffmann (C), Hubert - Speltz (68.Frank), Léen (38.Stommes), Mota, Dias Ramada, Madeira - Huss (46.Dahm)


Réserve: Hristov, Stommes, Dahm, Frank, Contrino


Net dobäi: Weidert, Thies, Lauer, Klein, Le Conte, Vetter, Steffen, Schmit, Schuster, Wagner

 

Share |