2:3 Néierlag am Derby géint US BC01

FC Berdenia Berbourg - Union Berdorf/Consdorf 01   2:3 (1:1).

 

An engem interessanten Match, wou eis Gäscht bis an d'Hoërspëtzen motivéiert waren, gouf et eng weider Défaite, och wann eis Leeschtung - no deenen sëllëgen Réckschléih an deenen leschten Wochen an trotz der Neierlaag - eng eischter positif Tendenz ageschloen huet.

 

Eischt Chance am Match haaten dei Orange an der 5.Minutt: Iwert déi lenks Sait gëtt de Ball schnell iwert puer Statiounen op den Daniel Contrino gespillt, dee lénks an de Stroofraum ranzitt an den Oofschloss sicht: sain Schoss an den laangen Eck trefft awer leider nemmen den Potto.

 

Am Geigenzuch haaten eis Gäscht direkt e puer Meiglechkeeten; An der 6.Minutt as eng Grousschance knapp derlaanscht gaang, en Minutt drop huet een direkten Fraistouss just den Potto getraff an den Noschoss konnt vum Daniel Becker nach sou just oofgewiert gin. An der 24. Minutt eng weider Chance vun den dominanten Gäscht: Een gefeierlechen Kappball konnt awer vum Becker exzellent pareiert gin.

 

An der 27.Minutt konnten dei Berbuerger den 1:0 markeieren: Den Yves Dahm geet iwert lenks duerch, spillt am 16er zreck op den Rafael Mota, deem sain strammen Schoss gët net festgehaal an den Contrino markeiert zum 1:0.

 

D'Freed war vun kuerzer Dauer: An der 30.Minutt markéiert den Fusiounsclub den 1:1, wei den Stiermer aus 16 Meter drëschen an den rietsen Eck oofschleisst.

 

Läscht gudd Chance an der 1.Halschent haat den Dan Huss an der 34.Minutt, wei en Volley aus der Dréihung aus 12 Meter knapp driwer scheisst.

 

Kuerz nom Teih dunn dei kaal Dusch: D'USBC probéiert et aus der Distanz an den Schoss schléiht zum 1:2 am Berbuerger Goal an.

 

Berbuerg, relativ veronsechert konnt nët drop réagéieren. Sou huet et bis dei 70.Minutt gedauert, bis mer rem e bessen mei Drock konnten opbauen. Mee gudd Virsteiss goufen net verwert oder vun der Verteidegung vereitelt.

 

D'Verletzungspech bleiwt eis awer trei: Den agewiesselten Tom Schmit huet kuerz drop rëm missten weinst enger Muskelverletzung am Uewerschenkel ersaat gin.

 

Berdorf/Consdorf war weider dominant, wosst eis Spill ze ennerbannen an koum an der 78.Minutt zum 3:1, wéi den Stiermer an d'Deiwt gescheckt get, eise Keeper ëmspillt an markéiert.

 

D'Äntwert koum prompt: den agewiesselten Kevin Madeira konnt an der 80.Minutt aus 12 Meter onhaalbar zum 2:3 verkierzen.

 

Heibai sollt et awer bleiwen, an sou gewennt d'USBC01 verdéngt zu Berbuerg.

 

No allen Reckschleih an Ausfäll des Saison, mussen mer weider zesummenhaalen an virun allem, weiderkämpfen, dann kennt den Erfolleg och rëm. Vläicht schon dësen Sonnden, wann mer um 16:00 op der Musel zu Wuermer spillen.

 

FCBB: Becker - Benner, Dias Ramada, Kaufmann (C), Petry - Contrino, Speltz, Mota, Dahm (60.Schmit, 71. Hubert) - Léen, Huss

 

Réserve: Hristov, Madeira, Hubert, Schmit

 

Net dobäi: Weidert, Thies, Lauer, Klein, Le Conte, Vetter, Stommes, Schuster, Wagner, Steffen

 

Share |