Berbourg 2 verléiert trotz gudder Leeschtung géint UMW 2

Union Mertert Wasserbillig 2 – Berdenia Berbourg 2   5:3 (1:1)

 

De Géigner konnt nô engem Selbstgoal an der 10. a  Féierung goën. Mee Berbourg huet dunn direkt  Drock gemaach, an de Christophe Frank konnt puer Minuten duerno eng gutt Chance,  vum ManU Haupert virgeluecht, nët am Filet versenken. An der 30. Minutt huet Berbourg kënnen der UMW hier Ofwier gutt ënner Drock setzen esou dat e Selbstgoal konnt faalen, an ët mat engem Resultat vun 1:1 an d'Pause gaangen ass.

 

Déi éischt 15 Minuten vun der 2er Hallschent hunn de Berbourger gehéiert, sie hu starke Pressing op de Géigner ausgeübt, a sinn dunn och zu 4 ganz gudde Goalchancen komm, durch Thill, Frank, Haupert, a Frondizi.

 

An dëser Phase, krut d'UMW e Corner, an konnt den 2:1 schéissen a keng 5 Minuten duerno, krutten Berbourg per Konter den 3:1 geschoss. Berbourg  huet sech awer nët opginn an huet direkt duerno iwwert de Frank bei enger phase arrêtée den 3:2 erziehlt. D'Freed wor net vun laanger Dauer, well de Géigner konnt nemmen e puer Minuten méi spéit de 4:2 schéissen.

 

Berbourg  huet trotz Pech a Mangel u Réussite weider gekämft an huet 5 Minuten virun Schluss, erëm iwwert de Frank den 4:3 Unschlosstreffer fonnt. Leider konnt iwwert eng gutt Eenzelleeschtung vun der UMW hierem jonke Stiermer vu Grevenmacher, 2 Minuten viru Schluss, Mertert-Waasserbelleg mam 5:3 de Match fir sech entscheeden.

 

Fazit: Ganz gut gekämpft, disziplinéiert gespillt, mais leider duerch e Mangel u Réussite virum Goal, ass et ons nët gelong dei 3 Punkten mat op Berbourg ze huelen. Et war vill mei drann, wei mat engem Nuller heemzefueren!

 

Bemierkungen: Den Thill Alex an sein Géigenspiller vun UMW kruten an der 60er Minut allen 2 eng

rout Kaart. 

 

Opstellung: Steffen, Vetter, Dias, Frondizi (C), Hubert, Stommes, Lacroix, Petry Fabien, Haupert, Thill, Frank.

Réserve: Lopes, Chennaux, Hoscheid an Schrantz

 

E Freiden gëllt ët dann doheem géint Diekirch 3 Punkten ze huelen! Ustouss um 20:00 z Berbourg.

 

Share |