Pupilles verléieren knapp matt 1:2 (1:1) géint hir Kollegen vun Mertert-Waasserbëlleg

FC Berdenia Berbourg - Union Mertert Wasserbëlleg 1:2 (1:1)


Bei summerlechen Temperaturen hun eis Pupillen hir Kollegen vun der Musel empfaangen. Aanescht wéi déi lëscht Saison, wou mir nach matt 0:13 verluer hunn, sollten mir et dës Kéier besser maachen.

 

Sou haten mir och an der éischter Halschent déi besser Gelegenheeten matt ennert aanerem engem Pôteau, mä an der Halschent stoung et nemmen 1:1 (Goal vum Charel Dahm).

 

Déi zweet Halschent war den Géigner liicht iwwerleeën mam Ennerscheed dass sie doraus Kapital schléissen konnten an en zweeten Goal markéiert hun. En Remis wier sëcherlech verdengt an durchaus méiglech gewiecht.

E Merci och dem Tom Hubert vir de gudden Arbitrage.

 

Elo geet et den nächsten Samsteg um 10.30 Auer zu Berbuerg géint Grevenmacher 1.

 

Equipe: Gerry (am Goal), Pedro, Tim, Alessio, Pit, Edoardo, Daniel, Sam, Hugo, Leo a Charel.

Share |