BGL League zu Berbourg: Den CSG kënnt op Besuch

BGL League zu Berbuerg: Den CSG kennt op Besuch.

Am Kader vum 8.Spilldaag vun der hechster Divisioun hei zu Letzebuerg an weinst der Plaatzspär, dei aus den Virfäll vum Match CSG-Jeunesse resulteieren, huet den FC Berdenia Berbourg d'Eier, den nächsten Heemmatch vum CS Grevenmacher am Stade Rénert auszedroen, dest geint d'UN Käerjeng.


Den Match versprecht natierlech eng gewessen Brisanz, well beid Tabellennoperen schon quasi mam Reck zur Mauer stin, sou dass een sech op een intensiven an spannenden Match kann freen.


Eis eischt Equipe spillt deen Ament zaitglaich am Derby beim Fc Koeppchen Wuermer. Beid Matcher fannen um 16:00 Auer statt.


Et stinn dës Woch awer och nach 2 Matcher vun eise Seniors um Programm.


Eis Seniors 2 spillen en Densdeg, den 23 September 2014 um 20:00 Auer géint UMW zu Mertert um synthéteschen Terrain.


D’Seniors 1 spillen e Mëttwoch, 24. September 2014 um 20:00 Auer zu Berbourg am Stade Renert géint d’USBC 01.

Share |