0:2 Défaite zu Réimech fir d'1. Equipe

Union Remich/Bous - FC Berdenia Berbourg 2:0 (2:0)


Bei ganz bescheidenem Wierder konnten eis Jongen, trotz verbessertem Asaatz eng weider Defaite net verhenneren.

 

Dei Remicher konnten duerch e Glécksschoss aus baal 30 Meter mat der éischter richteger Chance vum Match mat 1:0 a Féierung goën. An der 38. Minutt war et ee Kappball um éischten Potto, deen am laangen Eck ageschloen as, an den 2:0 fir d'Haushären bedeit huet.


Kuerz drop awer baal dei Berbuerger Äntwert wéi duerch eng geféierlech Duebelchance als éischt de Pit Speltz ët per Wäitschoss probéiert huet, säi Schoss vum Keeper just kuerz oofgewiert gët an de Peter Lauer den Nôschoss leider net ënnerbrengen kann.


No der Paus as et kierperlech betount weidergaangen, ouni dass eis Jongen sech awer Erwähnenswertes rausspillen konnten. Beschten Geleeënheet am zweeten Duerchgang haaten dei Remicher, wei se een oofgefälschten Fräistouss an der 67. Minutt un d'Laat setzen. Sou as et leider beim verdengtenen 2:0 béiwen.


Am Moment di mer eis einfach onwahrscheinlech schwéier, fir eis Goalchancen rauszespillen an soumat den Geigner och mol kënnen ënner Drock ze setzen. Väait gelengt et eis mat weiderem Kampf an Asaatz dësen Mëttwoch um 19:30 Auer am Stade Rénert géint eisen Nôper vum Berdorf/Consdorf, de Wôn aus dem Dreck ze zéihen. Kommt all laanscht an ënnerstëtzt eis Jongen, fir dass mer aus desem klengen Lach zesumme rauskommen!


FCBB: Becker - Petry, Kaufmann (C), Dias Ramada, Schmit - Benner (60.Contrino), Mota, Speltz, Léen (62.Huss), Dahm (46.Madeira) - Lauer

Réserve: Hristov, Madeira, Contrino, Huss, Hubert

Nët dobäi: Weidert, Thies, Klein, Steffen, Le Conte, Stommes, Vetter, Schuster, Wagner

 

Eng gudd Nouvelle zum Schluss:


Den éischten Championnatsmatch geint den FC Jeunesse Junglinster as duerch d'Verbandsgeriicht vun der FLF mat 3:0 Forfait zu eisen Gonschten gewert gin, well ët bei deenen Lenster Onstemmëgkeeten mat der Lizenz vun engem neien Spiller gi sinn, e Spille dien och nodreiglech vun eisem Verband fir eng länger Zait gespaart ginn ass.

Share |