Scolaires: Verdingten Erfolleg am Süden


ENTENTE EHLERANGE/SANEM - ENTENTE  BERBOURG/BIWER  0:4 (0:2)


Gudd éischt 15 Minutten a gudd lescht 15 Minutten hunn zu weideren 3 Punkten gefouert bei engem Géigner deen eigentlech während dem ganze Match keng kloer Goalchance haat.


Domat huet eis Equipe hire „Soll“ och um zweete Spilldag erfëllt a kann trotz enger Reih ugeschloënen a verletztene Spiller optimistesch sinn fir d’Suite vun der Saison.


D’Goaler fir déi Orange/Schwaarz hu geschoss:

LEANDRO LOPES (2) STEVEN DOS SANTOS a RAFFA ALMEIDA


EQUIPE : NICK ASSEL - DAMIEN STEFFES, STEVEN DOS SANTOS, SAM KONSBRÜCK, KEVIN INACIO  - JERÔME KRING (C) – YANNICK SCHROEDER, FILIPE PINTO, GLENN ARTOIS, LEANDRO LOPES - RAFFA ALMEIDA.


Reserve : PHILIPPE SCHMIT, SAM WAINWRIGHT, MARCO ERNSTER a CHAREL DUREL.


Gefehlt hun Jim SCHANEN, JOE BENNER (allen 2 verletzt) a Charel KREMER


Share |