Berbourg I: Batter Neierlaag zu Uewerkuer

Luna Oberkorn - Fc Berdenia Berbourg 4-1 (3-0).
 
Et leeft nach net ronn...
 
No enger gudder eischter halwer Stonn, wou dei Berbuerger souguer spillbestemmend waren, konnten dei Uewerkuerer an der 32. Minutt den 1-0 markeieren, wei den Stiermer vun der Luna am Stroofraum ugespillt get an aus der Dreihung flaach an den rietsen Eck ooschleisst.
Kuerz drop huet et den Dan Huss per Volley vum Eck vum 16er probeiert, sain gudden Schoss geet awer laanscht den laangen Eck.
 
An der 39.Minutt markeieren dei Uewerkuerer den 2-0 mat hierer 2. richteger Goalchance.
 
2 Minutten drop sollt et drenner an driwer goen: Den Daniel Becker fänkt een Ball virum Stiermer oof, deen mat gestrecktenem Fouss drangerutscht koum, reecht sech fatzeg op an steisst den Stiermer em. Dem Arbitter as naischt Aneschtes iwreg bliwen wei op den Elefmeterpunkt ze weisen an eisem Keeper dei giel Kaart ze gin. D'Luna seet merci an verwandelt zum 3-0 Pausenstand.
 
Nom Teih war et rem een ausgeglachenen Match, bis op deen Moment, wou deen zum Deel iwwermotiveierten Rafael Mota weinst wiederhueltem Foulspill, berechtegt, mat giel-rout vum Steck geflunn as.
 
Och zu 10 Mann war den Match weider ausgeglach, an dei Berbuerger konnten Drock opbauen. Belount goufen se an der 70. Minutt wei den Tom Schmit op der rietser Sait den Ball flaach an den 16er spillt an den Huss den 3-1 markeieren kann.
 
D'Freed sollt allerdengs just kuerz unhaalen, well quasi direkt am Geigenzuch den 4-1 markeiert gouf. Mat engem weideren Schoss aus der Dreihung konnt den Stiermer Oofwier an Keeper iwwerraschen. Eng weider Chance vun der Luna sollt vum Potto an der 79.Minutt verhennert gin.
 
Komeschen Match, onneideg Defaite. Eis Jongen schloen sech quasi selwer mat villen individuellen Feeler, respektiv Disziplinlosegkeeten. Schued, well och geint desen Geigner wier mei dran gewiecht.
 
Nächsten Weekend kennt d'Us Esch op Besuch an den Stade Rénert, wou et drem geet, d'Konstanz an dei jonk Saison ze kreien. Gespillt get, wei emmer, um 16:00 Auer.
 
FCBB: Becker - Dahm, Petry, Kaufmann (C) - Madeira, Dias Ramada, Speltz, Mota, Lauer - Huss
Réserve: Steffen, Contrino, Le Conte, Benner
 
Net dobai: Weidert, Thies, Klein, Vetter, Hristov, Léen, Hubert, Stommes, Schuster, Wagner  

Share |