Berbourg I: 1. Defaite am 1. Match

FC Berdenia Berbourg - FC Jeunesse Junglinster 0:2 (0:0).

 

Am éischten Match an der Saison 2014/2015 konnten eis Jongen géint de Promotiounsoofsteiger vun Jonglenster nët iwwerzeegen an sou koum et, an engem iwert wäit Zich schwaachen Match, zu enger 0-2 Neierlaag.

 


An der eischter Halschent waren béid Equipen domat beschäftegt, sech oofzetaaschten an wéineg Fehler ze maachen, an sou hun se sech allebéid wäitestgehend am Mettelfeld neutraliséiert. Bis op 2 schwaach Schëss op deenen 2 Säiten gouf et nët vill nennenswert Aktiounen.

 

An der 2.Halschent waren d'Haushären liicht mei dominant, mee et woren d'Gäscht dei den 0:1 markeiert hun. Eng verongleckt Flank sollt riicht am Wenkel vum Berbuerger Goal aschloen.

 

Berbuerg huet weider gedreckt, konnt sech awer leider keng Goalchancen rausspillen. Beschten Aktioun haat den agewiesselten Dan Huss duerch ee Fräistouss aus 25 Meter, mee den Lenster Keeper konnt exzellent paréieren.

 

An der Schlussphase huet Berbuerg alles no fir gehäit an déi Lenster konnten daat duerch een gescheckten Konter an der 92. Minutt ausnotzen an den 0-2 markéieren.

 

Alles an allem keen gelongenen Optakt an déi nei Saison, mee eis Jongen wëssen daat bestemmt rem wett ze maachen, an daat am nächsten Match, den Sonnden geint den CS Uewerkuer, ee weideren Heemmatch am Stade Renert um 16:00 Auer.

 

FCBB: Hristov - Dahm, Weidert, Dias D., Kaufmann (C) - Contrino (81.Schuster), Mota, Schmit, Dias Ramada, Madeira (63.Le Conte) - Lauer(57.Huss)

Réserve: Becker, Huss, Le Conte, Schuster, Vetter


Net dobäi: Klein, Speltz, Steffen, Thies, Léen, Petry, Benner, Stommes, Hubert

Share |