Neizougäng an Ofgäng beim FC Berdenia Berbourg

4 weider Spiller hun entscheed, sech dem FC Berdenia unzeschleissen. Et handelt sech ëm:

 

De Stéphane Coehlo, een 19 Joer aalen Stiermer vum FC Daring Echternach.

 

De Kevin Trindade Madeira, ebenfalls 19 Joer an och Stiermer. Hien wiesselt virleefeg mol fir eng Saison vum BGL Opsteiger US Hueschtert bei eis.

 

De Rafael Gonçalves Mota huet 28 Joer an kann variabel an der Defensive agesaat gin. Hien huet bis elo a Frankräich beim FC Sarreguemines an der US Forbach gespillt.

 

Den Daniel Benner, 19 Joer, kënnt vum Nopeschverain FC Jeunesse Biwer an spillt op der lënkser Bande.

 

Hinnen 4 vill Freed an Erfolleg bei eis am Verän.

 

Dann sin awer och nach verschidden Spiller, dei eisen Veräin verloss hun:

 

De Pol Crelo mëcht en definitiven Transfert op Biwer, wou hien seng erfollegräich Aarbecht als Trainer vun der éischter Equipe weider féiert. Mat him gin den Jacques Janssen an de Bernert Sequeiros alle beid definitiv op Biwer.

 

Den Nelly Dos Santos geet fir eng Saison bei den FC Noertzange.

 

Den Filipe Dias an den Matteo Amodio maachen en Transfert temporaire bei den FC Olympia Kreschtnech/Waldbelleg.

 

Hinnen alleguer e groussen Merci fir hieren Asatz bei eis am Veräin a vill Erfolleg bei hieren neien Aufgaben.

 

 

 

Share |