Riesenerfolleg fir de Penalty 2014

Et war e Riesenerfolleg fir de Kings of Penalty, dien den FC Berdenia Berbourg op dem Pengschtweekend, dëst fir déi 6. Kéier organiséiert huet. Béi héichsummerlechen Temperaturen iwwer 30 Grad an engem strahlend bloën Himmel konnten d'Organisateuren e neien Rekord mat 81 Equipen verzeechnen, déi sech afonnt haaten fir de ganzen Daag um Eelëfmetertournéier deelzehuelen.

 

Den 1. Préiss, 6 Terra Pads gestëfft vun der Firma Eye-T vu Manternach sinn an enger spannender Finale vun der Equipe Troublemakerz gewonnen ginn.

 

Schons Freides owes ass de kulturellen Deel vum Penalty lass gangen, mat engem flotten Concert vun der Bech-Berbourger Musek an duerno der Band Timeless, déi wéi ëmmer de Publikum begeeschtere konnt.

 

De Kings of Penalty ass déi gréissten Manifestatioun, déi de Berdenia Berbourg am Laaf vum Jâr ob d'Been stellt. Fir dat sie gelengt, si vill fléisseg Hänn erfuerdert, an duerfir wëll de Comité alle Léit Merci soën déi dozou béigedroën hunn. Dat sinn d'Jongen vun der Penaltyskommissioun, eis Sponsoren, an all Memberen a Frënn vum Veräin déi gehollef hun, dat dëst Fest esou e grousse Succès war. E besonnesche Merci dem Carole Kuffer, fir déi vill flott Photoën hei um Site.

 

An zu gudder Lescht och nach gutt Besserung fir déi 2 Keeperen, déi sech während dem Tournoi blesséiert hunn.

 

 

 

Share |