Daniel Becker wiesselt op Berbourg

Mam Daniel Becker huet e weideren Keeper sech decidéiert fir op Berbourg ze wiesselen.

Den 23 jähregen kënnt vun der SG Sauertal Ralingen bei eis, wou hien trotz jonkem Alter schon iwert e ganz Koup Erfahrung an der Bezirksliga, respektiv hëchster Kreisklasse verfügt. Bedingt duerch dem Yves Bossers sain Antrëtt an t'Fussballer Prépension an doduerch dass eisen aaneren Keeper, de Joël Hoffmann eis verleist, war et nédeg, 2 nei Goalkeeperen ze fannen.

  

Mam Daniel Becker, dem Georgi Hristov an dem Yannick Steffen hu mir domat 3 Keeperen, dei versichen wäeten den Goal vum eisen 2 Seniors Equipen propper ze haalen .

 

Den Daniel heeschen mer härzlech wëllkomm bei eis an wenschen him vill Erfolleg. 

 

De Joël Hoffmann verléisst no 2 Saisoën den FC Berdenia nees. Hien zitt ët zréck bei säin Heemechtsveräin, den BGL League Opsteiger Fc Victoria Rosport. 

 

Den nämlechten Wee geet och de Mike Krischler, dien nô enger Saison op temporairer Basis bei eis nees zreck op Roupsort geet.

  

Hinnen 2 e ganz groussen Merci fir hiren steets tadelosen Asaatz fir eise Veräin. Mat hirer éiergäizeger a frëndlecher Art hu si sech vill Sympathien am Veräin a béi de Supporteren verdéngt. Mir wënschen hinnen alles Guddes op hierem weidere Wee.

 

Share |