Scolaires: D’nächst Saison gréife mir nees un!

Nodeem de leschte Match vun der Saison e Samsdeg géint Steesel mat 3-0 Forfait gewonne gouf, hu mer misse waarden wéi déi direkt Konkurrenten am Kampf géint den Opstieg géife spillen dësen Dënschdeg.

 

Dobäi huet sech erausgestallt dat esouwuel Gréivemaacher als Tabellenéischten, wéi och Uewerkuer als beschten 2. di néideg Punkte geholl hun, an deemno wärten d’nächst Saison eng Klass méi héich spillen.

 

Eiser Equipe gëllt awer grousse Respekt fir déi gutt Leeschtung des Saison mat just enger Néierlag am Joer 2014, dëst an engem net alldeegleche Match zu Gréivemaacher.

 

Mir loossen de Kapp awer net hänken, a wärten di nächst Saison nees alles drusetzen fir deen verpasstenen Opstieg vun dëser Saison nozehuelen. D’Equipe dofir hu mir op alle Fall !

 

De Spiller Nicolas Oswald, Jo Pitzen, Bob Schrantz an Alex Welsch,  déi d’nächst Joer eroprëckelen an d’Cadets an ann enger Entente zesummen mat Grevenmacher an UMW spillen, siew op dëser Plaz all Guddes gewënscht.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Share |