Elo VIP-Member ginn fir d’Saison 2014/2015

Fir all Fans a Sympathisanten, déi nach keng VIP-Kaart vum FC Berdenia Berbourg hunn, besteet lo d’Méiglechkeet eng Virbestellung fir déi nei Saison 2014/2015 ze maachen.

 

Nodeems d’éischt Equipe d’Saison 2013/2014 mat Succès an der 1. Divisioun ofgeschloss huet, an domat déi beschte Leeschtung a senger Veräinsgeschicht erreecht huet, kann ee gespaant sinn wéi et an der neier Saison weidergeet.

 

Schonn elo goufen eng Rei Verstäerkungen engagéiert a mat den Equipen vun ënner anerem Berdorf/Consdorf, Jonglënster, Mertert/Waasserbelleg a Wuermer stinn och an der neier Saison rëm eng Rei attraktiv Géigner fir spannend Matcher an der 1. Divisioun um Programm.

 

De VIP-Member vum FC Berdenia Berbourg kann sech deemno op eng weider spannend Saison freeën. D’Virdeeler vun eiser VIP-Kaart leien op der Hand, a fir de Präis vu 75 Euro kritt all VIP-Member:

 

- eng robust VIP-Kaart aus Plastik am Kreditkaartenformat déi an all Portemonnaie passt an déi fräien Entrée op d’Heemmatcher vun der 1. Equipe am Championnat garantéiert

 

- e Stëmmrecht an der alljährlecher Generalversammlung als aktiven Member

 

- eng Saisoniwwersiicht am Kreditkaartenformat mat den Datumer vun alle Championnatsmatcher vun der 1. Equipe

 

- eng Reduktioun op d’Fitnessabonementer bei eisem Partner Aktiva um Potaaschbierg

 

- e Bong fir e gratis Gedrénks an der Buvette vum Stade Rénert

 

D’VIP-Kaart vum FC Berdenia ass nominativ a gëtt automatesch vu Saison zu Saison verlängert. All VIP-Member huet awer d’Recht zu all Moment, an ouni Penalitéit, seng Memberschaft fir de Schluss vun der laafender Saison ze kënnegen.

 

Ween sech dës Méiglechkeet net wëllt entgoen loossen, dee soll am beschten Numm, Virnumm a komplett Adress per e-mail op berdenia.berbourg@gmail.com schécken. Mellen kann een sech bis den 23. Juni 2014.

 

Vergiesst och net eis nei Fanpage „Berdenia Berbourg“ um Facebook ze „liken“. Do sidd dir ëmmer gutt informéiert iwwer all d’Veraïnsaktivitéiten, all Artikelen op der Homepage ginn dô verlinkt, an ab kommender Saison probéiere mir och iwwer dee Wee e Liveticker vun eise Matcher unzebidden.

 

 

 

Share |