Héich Néierlag fir déi Berbuerger Pupillen

Union Mertert-Wasserbillig - FC Berdenia Berbourg  13:0 (4:0)

 

Nodems mir eis lëschten Week-End iwwert eis éischter Victoire freen konnten, sin mir haut nees op de Buedem zreck komm. An engem Frendschaftsmatch haten mir eis schon vum Talent vun den Bambinis vun Mertert-Wasserbëlleg iwwerzegen konnten. Mir hun also matt enger staarker Pupilles-Equipe gerechent, ... an et koum en exzellenten Géigner!

T’Bouwen vun der Musel, trainéiert vum Sascha Schneider, hun e ganz propperen Fussball gespillt an den Ball deelweis matt enger Touche laafen geloss. 10 Minuten hu mir ët matt vollem Asatz fäerdeg bruecht, en 0:0 ze haalen. Mä lues a lues konnte mir dem Drock nët méi Stand haalen an hun nach 3 weider Goaler virun der Paus kasséiert.

 

Matt 0:4 ass et an t’Paus gaangen an mir konnten matt dem Resultat an matt eiser Leeschtung an der éischter Halschent mol net onzefridden sin, ze gutt war de Géigner.

  

No der Paus hun t’Bouwen vun Märtert-Wasserbëlleg nach eng Schëpp drop geluecht, an 3 Goaler an den éischten 5 Minuten no der Paus waren t’Konsequenz. Och duerno hun mir et net méi färdeg bruecht, sie vun eisem Goal fort ze halen, zevill oft sin sie matt 2-3 Mann alleng virun eisem Goal opgetaucht an konnten markéieren. Mir haten an der zweeten Halschent kierperlech an spilleresch net méi genuch entgéint ze setzen an hun nach eng Réi weider Goaler kasséiert, sou dass et um Enn 0:13 stoung.

 

Déi do Equipe vun Märtert-Wasserbëlleg wäart och d’nächst Joer an den Poussins hiren Wee goën. Bemierkenswert och, dass den Trainer konnt 5 Spiller op een Coup auswiesselen, ouni dass en groussen Qualitéitsverloscht an hirem Spill ze bemierken war.

  

Vir eisen Deel, huet ee gesinn, dass mir matt eiser jonker Equipe nach am Ufank vun engem Léierprozess sin, deen mir awer konsequent an matt vill Spass weider ginn.

 

Mir schaffen weider, an wärten och - t’nächst Saison an déi duerno, wou mir den groussen Deel vun eiser Equipe nach an den Pupillen hun- der Equipe vun der Musel méi entgéint ze setzen hun, wéi daat haut de Fall war.

 

Et hu matt gespillt: Charel, Joe, Maurice, Daniel, Hugo, Alessio, Sam, Pit, Lylian, Pedro a Gerry

 

 

 

Share |