Scolaires: Entente Berbourg-Biwer dominéiert am Mëllerdall!

Entente Petite Suisse - Entente Berbourg-Biwer 1:8 (0:2)

 

Eng déitlech Leeschtungssteigerung am Verglach zum Match lescht Woch zu Biwer, huet et eiser Equipe erlabt weider un den Opstieg ze gleewen.

 

Ouni de verletzten Nicolas OSWALD si mir an der Mëllerdall gereest, an hun dem Géigner an der 1. Halbzeit keng grouss Goalchancen zougestan. Goaler vun Leandro LOPES respektiv Raffa ALMEIDA hun et eis erlabt mat engem 2:0 an d’Halbzäit ze goen.

 

Och nô der Paus huet eis Equipe absolut net nogelooss, a konnt mat schéin erausgespillte Goaler um Enn e kloeren a verdingtene Succès verbuchen, dëst géint e Géigner bei deem no a no d''Disziplin nogelooss huet.

 

En Eelëfmeter vum Filipe PINTO, 2 weider Goaler vum Raffa ALMEIDA, jee 1 Goal vun Alex WELSCH, Steven DOS SANTOS a Leandro LOPES hun d’Resultat op 8:1 geschrauwt. Den Éiregoal fir de Géigner as op Eelëfmeter hin gefall.

 

Equipe :

Bob SCHRANTZ (C) – Jérôme KRING, Steven DOS SANTOS, Jo PITZEN, Charel KREMER – Leandro LOPES – Filipe PINTO, Alex WELSCH, Glenn ARTOIS – Yannick SCHROEDER a Raffa ALMEIDA

 

Nick ASSEL , Asbjorn Sörensen, Sam WAINWRIGHT, Damien STEFFES

 

Net dobäi : Sam KONSBRÜCK an Nicolas OSWALD (verletzt)

 

 

 

Share |