Dean Léen wiesselt op Berbourg

Mam Dean Léen kann den FC Berdenia e weideren wichtegen Neizougang fir dei nei Saison presentéieren.

 

Den Dean huet 30 Joer an ass zentralen Mëttelfeldspiller. Hien kënnt vum Eirenpromotiounsopsteiger FC Mamer virleefeg mol fir 1 Saison bei eis. A senger Carrière huet den Dean laang Joeren fir Mamer, Monnerëch, Strossen a Beggen an der Nationaldivisioun an Eirenpromotioun gespillt.

 

Zousätzlech huet hien och eng Rei Lännermatcher fir t'U16 an U21 vu Letzebuerg gespillt.

 

Mir heeschen hien härzlech wëllkomm an wënschen him vill Freed an Erfolleg béi eis am Veräin.

 

Share |