Yannick Steffen an Filipe Dias Ramada wiesselen op Berbourg

Den FC Berdenia Berbourg as houfreg, Iech dei eischt 2 Neizougäng virzestellen.

 

Yannick Steffen: Den Yannick kennt vum BGL-League Opsteiger U.S. Hostert. De 26 Joër aale Goalkeeper huet a senger Jugend zu Remerschen (elo FC Schengen) gespillt, wou e vun der U13 bis U17 am Nationalkader war. Dono war hien béim FC Koeppchen zu Wuermer, éier en fir dei läscht 2 Joer op Hueschtert gewiesselt ass, wou en dëst Joer och regelméisseg am Goal vum Ospteiger stoung. De Yannick wiesselt elo mol fir eng Saison vun Hueschtert op Berbourg.

 

Filipe Dias Ramada: De 29 Joër aale Spiller vum Ligakonkurrent Remich/Bous kennt als definitiven Transfert op Berbourg a wëll säi Kënnen am Berbuerger Mettelfeld ënner Beweis stellen. Beim Fusiounsverain vun der Musel huet den Filipe dei lescht 6 Saisoën gespillt a war do och Kapitän vun der Equipe. Seng weider Statiounen virdrun waren den CS Grevenmacher, Victoria Rosport an d'Union Mertert/Wasserbelleg.

 

De Comité heescht déi 2 nei Spiller häerzlech wellkomm a wënscht hinnen sportlëchen Erfolleg a vill Freed a Spaass an eisem Veräin.

 

Iwwer wieder Neizougäng informéieren mir Iech an den nächsten Deeg op dësem Site.

 

 

 

Share |