Berbourg I mat Gläichspill am leschte Championnatsmatch

FC Sanem - FC Berdenia Berbourg 2:2 (0:1)

 

Bei herrlechem Wieder hunn eis Jongen am leschte Match vun der Saison nach een 2-0 Avantage verspillt.

D'Goaler vum Dan Huss (12.Minutt) an David Klein (48.Minutt) sinn leider net duergaangen fir déi dräi Punkte mat op Berbuerg ze huelen. Dei Suessemer konnten sech mat deem Punkt an den Barragematch retten, onoofhängeg vum Resultat vum Zweetläschten Itzëg, déi domadder ofsteigen mussen.

 

Op deser Plaatz wellen mer dann och dem FC Mondercange zu hierem Direktopstieg félicitéieren an der Equipe vun Lamadelaine Bonne Chance wënschen, am Barragenmatch géint eis Kollegen vu Jonglënster.

 

Op der aanerer Säit, wëllen d'Spiller an de Comité vum FC Berdenia Berbourg nach eemol alle Supporteren  VILLMOLS MERCI soën fir déi immens Ënnerstetzung an dëser Saison, wéi och an deene virdrunn.  D'Spiller wëssen ët ze schätzen, dat doheem wéi och auswärts, ëmmer ganz vill Léit dô sinn fir sie unzefeieren, an soumat derzou béidroën, dat an eisem Veräin esou e gudden Zesummenhalt tëschend Spiller, Comité a Supporter besteet.

 

Duerch dei heich Unzuel vun Auswärtsfans si mer mat Secherheet awer och ee wëllkommenen Gaascht op all Terrain. Also, merci nach eng Keier fir déi enorm Ennerstetzung !!!

 

Den allerleschten Rendez-Vous fir dës Saison as dësen Donneschteg, 22.05.2014  mat dem läschten Match vun eiser 2. Equipe doheem um 20:00 Auer géint Ierpeldeng. Kommt och nach eng Kéier eis Jongen vun de Seniors 2 ënnerstëtzen, och sie hunn sech dat verdéngt.

 

0-1 12.  Dan Huss

0-2 48.  David Klein

1-2 51.

2-2 65.

 

FCBB: Hristov - Thies  (54. Hubert), Dias, Weidert, Kaufmann (C) - Speltz, Wengler (85. Bossers), Lacroix, Amodio (46. Petry P.), Klein - Huss

 

 

 

Share |