Scolaires: E Match wou um Enn just déi 3 Punkten zielen

Entente Berbourg-Biwer – Union Remich-Bous 5-3 (2-1)

 

Ongewinnte Schwächen an eiser Verteidégung haaten eis bal déi 3 Punkten kascht am Retour Match géint di Miseler deen zu Biwer gespillt gouf.

 

Nodeem mir de Fusiounsveräin am Aller-Match kloer dominéiert haten, huet eis Equipe op engem warme Samsdeg Mëtteg nët wéi gewinnt zu hirem Spill fonnt. Dobäi koum dat mer d’Equipe liicht emgestallt haten, während dem Match och méi wi gewinnt gewiesselt hunn, an dat deen een oder anere Schlësselspiller sech während dem Match liicht respektiv maner liicht Verletzungen, wéi de Nicolas OSWALD ugeet, zougezun huet.

 

Eis 2-0 Féierung duerch Goaler vum Jérôme KRING an Nicolas OSWALD hunn déi Giel/Schwaarz duerch dräi individuell Fehler an eiser Défense mam Pausepëff reduzéiert.

 

Eis Leit an der Offensiv hunn et awer ëmmer nees fäerdeg bruecht Gefor virun de géigneresche Goal ze brengen a vun deene ville Chancen konnten sie der dräi notzen. Et war de Bob SCHRANTZ deen zwëschenzéitlich de wichtegen 3-2 geschoss huet.

 

Et war duernô den Alex WELSCH, dee bei sengem „Heemmatch“, zweemol konnt anetzen.

 

Domat stoung d’Endresultat fest an déi 2.Plaatz konnte mir ënnermaueren trotz enger duerchschnëttlecher Leeschtung.

 

Equipe :

Bob SCHRANTZ (C) – Jérôme KRING, Steven DOS SANTOS, Jo PITZEN, Sam WAINWRIGHT – Leandro LOPES – Yannick SCHROEDER, Raffael ALMEIDA, Glenn ARTOIS – Nicolas OSWALD an Alex WELSCH

 

Nick ASSEL , Filipe PINTO, Damien STEFFES a Charel KREMER

 

Net dobäi : Sam KONSBRÜCK (verletzt)

 

Share |