Déi éischt Victoire fir déi Berbuerger Pupilles

FC Blô-Wäiss Itzig - FC Berdenia Berbourg 0:1 (0:0)

                

 

Bei sonnegem Wieder konnten eis Pupilles sech iwwert hir éischt 3 Punkten an engem Match freen.

Nodeems mir eisem Gebuertsdaagskand dem Lylian en Happy Birthday virum Match gesongen hun, ass et voller Virfreed op den Terrain gaangen. An der éischter Halschent waren eis Jongen «optesch iwwerleeën» ouni dass mir awer konnten markéieren. 

 

Virun allem déi defensiv Leeschtung war méi wéi zefriddenstellend, sou dass eisen Goalkeeper just e puer Mol huet missten intervenéieren. Dëst ass op eng gutt Raumopdeelung zréck ze féieren, wou den Maurice, Sam, Daniel a Leo, ganz gudd Arbecht am Mettelfeld geleescht hun, an och den Pedro, Lylian, Alessio an de Pit no hannen vill géigneresch Ugrëff konnten offänken. Leider huet eis trotz e puer gudden Offensiv-Aktiounen vum Charel a Joe an der éischter Halschent déi neideg Réussite nach gefeelt, sou dass et matt engem 0-0 an d’Paus gaangen ass.

   

Nô der Paus hun déi Itzeger den Drock erhéicht, sou dass eisen Goalkeeper sech e puer Mol auszeechnen konnt an matt Hëllef vun sengen Kollegen hun mir awer hannen t’Null gehaalen. No vir haaten mir weider eis Chancen duerch de Charel, Lylian, Leo a Joe.

 

5 Minuten virun Schluss hun eis Jongen sech dun selwer vir hir gutt Leeschtung belount, wéi de Joe matt engem plazéierten Schoss den Itzeger Goalkeeper konnt iwwerwannen.

 

Nodeems den Arbiter de fairen Match ofgepaff huet war t’Freed grouss bei eisen Jongen, awer och bei den villen Elteren déi eis Equipe wéi ëmmer wonnerbar ennerstetzt hun.

  

Duerch déi gutt kollektiv Leeschtung ass desen Match gewonnen gin, an endlech sin eis Bouwen vir hir Motivatioun an hiren Spaass um Terrain belount gin.

 

Et hu mattgespillt :

Gerry (am Goal), Pedro, Alessio, Pit, Daniel, Leo, Maurice, Sam, Joe, Charel an Lylian

 

Share |