3 verdéngschtvoll Spiller trieden zreck

Virum leschten Heemmatch vun der Saison 2013/2014 géint Luna Uewerkuer huet den FC Berdenia Berbourg 3 verdéngschtvoll Spiller geéiert, déi an Zukunft aus private Grënn am Fussball wëlle méi kuerz trieden, an nët méi 1.Equipe spillen.

 

Et handelt sëch ëm de Steve Lacroix, dien 5 Saisons an eisem Mëttelfeld t'Fiedem gezunn huet, den Yves Bossers, dien eis während 4 Saisons sou munch Punkten durch seng Paraden gerett huet an den Dan Dias, dien während 3 Joer dei géigneresch Stiermer mat seng resoluten Asatz zur Verzweiflung bruecht huet.

 

Wéi de Präsident Claude Wampach a senger Usprooch sôt, waren si wichteg Piliers fir den Opstieg aus der 2.Divisioun an hun wesentlech mat gehollef, dat de Verain sech dei lescht 3 Joer konnt am ieweschten Drettel vun der 1. Divisioun établéieren.

 

Déi 3 sinn erfueren Spiller, déi mat hierem Kampfwëllen, hierem Asatz an hierer Disziplin vill derzou béigedroën hunn, dat de Veräin sportlech esou gutt do steet wéi nach nie an senger Geschicht. Sie wäerten dem Veräin och weiderhin erhaalen bléiwen, an ënner anerem an der 2.Equipe eng wichteg Stéip sinn.

 

Steve, Yves an Dan, e grousse Merci fir Alles wat Dir fir eise Veräin geleescht huet, esou Jongen wéi Dir brauche mer och weiderhinn.

 

Share |