Scolaires : Grousse Respekt fir d‘Optrieden vun der Equipe!

CS Grevenmacher - Entente Berbourg-Biwer 3:2 (1:2)

 

Ersatzgeschwächt si mir op Musel bei den Tabellenéischte gereest, an eppes viir ewech : d’Equipe, wou de Jérôme Kring och nach verletzungsbedingt no 30 Minutten ausgefall as, huet emol méi alles ginn. Leider war hir op dësem Nometteg net gegënnt op mannst dee verdingtene Punkt mat Heem ze brengen.

Déi „Orange/Schwaarz“ sin de Match ganz konzentréiert ugaangen a koumen och verdingt no engem schéine Spillzuch 1-0 viir duerch de Yannick SCHROEDER. En ofgefälschtene Fräistouss, geschoss vum Alex WELSCH huet no ronn 20 Minutten esouguer den 2-0 bruecht.

 

E Penalty kuerz virun der Paus, wou esouguer de Géigner iwert de Pëff erstaunt war, huet et deene Miseler erlaabt zréck an de Match ze kommen.

 

En zweeten Eelëfmeter, huet den Ausgléich bruecht, a kuerz drop ass den 3:2 gefall fiir déi Blô.

 

Leider as eis e reegelgerechte Goal oferkannt ginn, a bei engem kloere Foul am Stofraum um Nicolas OSWALD blouw de Pëff aus.

 

Pech hat de Steven DOS SANTOS mat engem Wéitschoss ënnert d’Laat !

 

Fazit : 3 Spilldeeg viru Schluss ass als beschten Zweeten aus deenen 3 Serien weiderhin alles méiglech a Saachen Opstieg, a mir wäerten och alles drusetzen fir mat där formidabeler Equipe dat Ziel ze erreechen.

 

Equipe : Bob SCHRANTZ (C) – Jérôme KRING, Jo PITZEN, Steven DOS SANTOS, Charel KREMER, - Leandro LOPES - Filipe PINTO, Alex WELSCH, Glenn ARTOIS –Nicolas OSWALD a Yannick SCHROEDER

 

Nick ASSEL a Sam WAINWRIGHT

 

Net dobäi : Raffa ALMEIDA (gespaart), Sam KONSBRÜCK an Damien STEFFES (verletzt)

 

 

 

Share |