Berbuerg I knackt Veräinsrekord an festëgt 5. Plaatz an der Tabell

FC Berdenia Berbourg - Luna Oberkorn 3:1 (1:1)

 

An hierem leschten Heemmatch konnten sech eis Jongen, bei duerchwuessenem Abrëll-Wieder, um Enn héichverdéngt géint den Opstiegskandidat Luna Uewerkuer duerchsetzen.

 

D'Gäscht aus dem Süden hun an der éischter hallwer Stonn awer dominéiert a Berbuerg zimmlech ënner Drock gesaat. An der 3. Minutt haaten se den 0:1 um Fouss, mee den Stiermer verschéisst aus kierzter Distanz.

 

Déi éischt Berbuerger Chance haat den David Klein, wei hien gläich 2 mol um Keeper hänken bliwwen ass. An der 24. Spillminutt konnt Uewerkuer den 0:1 markéieren wei ee strammen Schoss an de laangen Eck dem Yves Bossers am Goal keng Chance gelooss huet.

 

An der 33. Minutt konnt den David Klein den Ausgläich markéieren, wei e schéin an de Laaf gespillt ginn ass, an d'Mëtt zitt an drëschen op 16 Meter flaach an den rietsen Eck trëfft. 2 Minutten drop war et rëm den Klein, deen et probéiert, mee säi Schoss aus 25 Meter verfehlt d'Ziel nemmen knapp. Weider 2 Minutten drop war et den Mike Wengler, deen Volley aus 16 Meter oofzitt, mee den Uewerkuerer Keeper konnt den Ball am Nofaassen op der Goallinn haalen. Läscht Chance virun der Paus war fir Uewerkuer wei een strammen Fräistouss aus 25 Meter den Potto sträift.

 

No der Paus sin dei Berbuerger méi staark gin an konnten d'Luna ëmmer méi ënner Drock setzen. An der 54. Minutt war ët den Dan Huss, deen eng Flank gekonnt direkt mam Ausserëst hëllt, mee de Ball geet riicht op den Keeper. 1 Minutt drop sollt et besser goen: Den Dan Huss gët an d'Mëtt ugespillt, zitt an den 16er a léisst dem Keeper mat sengem platzéierten Schoss keng Chance.

 

Berbuerg huet den Score geeréiert an koum ëmmer rëm duerch brandgeféierlech Konteren no vir. An der 65. Minutt hun sech Wengler an Klein herrlech no fir kombinéiert, mee den Keeper konnt dem Klein den Ball in extremis vum Fouss fëschen. Den 3:1 fällt an der 72.Minutt wei den Charel Weidert ee Ball mam Kapp verlängert, den Huss en op den Klein duerchléisst, deen dann äiskaal an den laangen Eck markéiert. An der 82. a 94. Minutt konnten dei Orange 2 weider heichkaräteg Chancen nët notzen.

 

Uewerkuer, duerch hier individuell Qualiteit, war ëmmer erëm geféierlech, an haaten awer an der 2. Hallschent just 1 richteg gutt Chance, an zwar an der 90. Minutt, wéi së um Aluminuim scheiteren.

Sou as et beim 3:1 bliwen, woumat sech déi Uewerkuerer hier Opstiegschancen zerstéiert hunn.

 

Respekt un eis Jongen, dei häimadder een neien Veräinsrekord opgestallt hun: 40 Punkten goufen et nach nie an der 1. Divisioun. Lo kennen se deen nach ausbauen, wann se nächste Sonnden um 16:00 Auer zu Suessem spillen.

 

Dei 5. Tabellenplaatz as eis sëcher, alles an allem eng ganz gelongen Saison, dei definitiv net ëmmer einfach war !

 

Virum Match hun eis 3 Spiller, dei elo an d'Fussballsretraite wellen goen, nach gebührend verabschied: Steve Lacroix, Daniel Dias an Yves Bossers.

 

EE GROUSSEN MERCI FIR ÄREN ONERMITTLECHEN AN BEDENGUNGSLOSEN ASAATZ FIR EISEN VERÄIN !!!

 

Mir wäerten an engem Artikel hei um Site op sie zréckkommen.

 

FCBB: Bossers (81. Hoffmann) - Kaufmann (C), Dias, Petry P., Thies - Klein, Speltz (67. Amodio), Wengler, Lacroix, Weidert (75. Frondizi) - Huss

 

Réserve: Hoffmann, Amodio, Frondizi

Net dobäi: Lauer, Hubert, Krischler, Hristov, Schuster, Dahm, Wagner

 

 

 

Share |