Pupilles verléieren zu Uespelt

FC Red Boys Aspelt - Berdenia Berbourg  8:1

 

Matt 8:1 hunn déi Berbuerger Pupilles den Nodrosmatch géint t’Pupillen vun Uespelt verluer. Bei ganz schwieregen Wiederkonditiounen sinn eis Jongen net gutt vir hiren Asaatz belount gin, dëst géint eng stark Equipe vun Uespelt, déi eise Spiller altersméisseg iwwerleeën waren.

Ze bemierken bléiwt, dass mir ët trotz eisem jonken Kader, deen zum gréissten Deel aus Bambinis besteet, mëttlerweil färdeg brengen, bal all Match ze markéieren. De Goal vir eis Faarwen geet op den Kont vum Joe Crelo.

 

Op dës Leeschtung léisst sech opbauen, an wann eis Jongen matt dem Spass weider maachen, ass et wuel nemmen eng Fro vun der Zäit, bis mir eis och eng Kéier kennen iwwert dräi Punkten vun eisen Jëngsten frëen.

 

Et hu matt gespillt: Gerry, Alessio, Pedro, Pit, Sam, Daniel, Charel, Joe a Leo.

 

 

Share |