Scolaires: Weiderhin ongeschloen am Joer 2014!

Entente Berbourg-Biwer – Daring Echternach 0:0

 

An engem ausgeglachenen a fairen Match zwëschent zwou gudden Equipen ass et mat engem Gläichspill op en Enn gaangen !

Eis Verteidegung ronderëm de Steven DOS SANTOS an den Alex WELSCH huet eemol méi en ganz gudden Androck hannerloos an keng kloer Goalchance vum Géigner iwert déi 70 Minutten zougelooss.

 

Schued war dass mir zwou ganz flott erausgespillten Aktiounen an der 2. Halbzeit net konnten zu eisem Viirdeel notzen. Engerséits war et de Nicolas OSWALD, dee ganz knapp laanscht de Goal gesat huet no Zouspill vum Raffa ALMEIDA, a kuerz virum Schlusspëff war et de Bob SCHRANTZ deen no gudder Eenzelleschtung um Goalkipp hänke blouw.

 

Op Fräistouss hin hat de Géigner vun Iechternach och d‘ Méiglechkeet zu 3 Punkten ze kommen, mee de Nick ASSEL huet mat enger sensationeller Parade de Ball aus dem Wënkel gekroopt. Eise Keeper konnt sech eng weider Kéier auszeechnen bei engem „eent zu eent“ Duell mat engem Ugrëffsspiller vun den Abteistätter.

 

Schlussendlech as kee Goal gefall op dësem Samsdeg Nomëtteg, wat engerséits op Disziplin vun all eenzelne Spiller, mee eemol méi op eis stabil Défense zereckzeféieren as. Hei waren et de Jérôme KRING respektiv de Charel KREMER déi excellent verteidegt hun géint de beschte Spiller vun deenen „Giel/Schwaarzen“.

 

Kompliment un déi ganz Equipe; nächste Samsdeg geet et op der Musel ëm den Opstieg!

 

Mir si prett !

 

Equipe : Bob SCHRANTZ (C) – Jérôme KRING, Steven DOS SANTOS, Alex WELSCH, Charel KREMER, - Leandro LOPES, Jo PITZEN - Filipe PINTO, Raffael ALMEIDA Glenn ARTOIS –Nicolas OSWALD

Nick ASSEL, Sam WAINWRIGHT, an Yannick SCHROEDER

 

Net dobäi : Damien STEFFES a Sam KONSBRÜCK (verletzt)

 

Share |