Berbuerg II gräift nom Stréihallem am Oofstiegskampf

FC Jeunesse Junglinster II - FC Berdenia Berbourg II 1-3 (1-0).

 

No der batterer Heemneierlaag an der läschter Sekonn am läschten Match géint Märzeg as et fir eis Jongen vun der Reserve am Nohuelmatch beim Tabellenzweeten em Alles gangen. Verstärkt mat 2 Rekonvaleszenten an 2 weidere Spiller vun der 1.Equipe hunn eis Jongen sech een exzellenten Match geleescht an héichverdengt gewonnen.

 

Eng flott Geschicht zum Schluss vum Match: Den Trainer Tom Hubert wiesselt, nodiems an der 87. Minutt den 1:2 gefall ass, an der 90. Minutt de Jérôme Oswald eran. Nôdiems de Jérôme ongféier 30 Sekonnen um Terrain ass, kréit hien de Ball, leeft iwwert den hallwen Terrain, a markéiert den 1:3. Duernô wiesselt den Trainer hien erëm aus.

 

1-0

1-1 44.Minutt - Haupert

85. Kohnen fir Thill

1-2 87. Speltz

90. Oswald fir Haupert

90+1 1-3 Oswald

90+1 Petry F. fir ... Oswald 

 

FCBBII: Bossers - Hoscheid, Weidert, Frondizi(C), Chennaux - Speltz, Wengler, Amodio, Haupert - Wagner, Thill

 

Réserve: Kohnen, Oswald, Petry F.

 

 

Share |