Pupilles gewannen hieren 1. Punkt

FC Berdenia Berbourg - CS Grevenmacher 2:2 (1:0)

 

An engem spannenden Match viru ville Spectateuren hun eis Pupilles sech hiren éischten Punkt vir dës Saison géint Gréiwemaacher erkämpft.

Eis Bouwen sin an der éischter Hallschent duerch de Sam Thoss mat   1-0 a Féierung gaangen. Matt dësem Resultat ass et dun och an d'Paus gaangen.

 

Nom Téi haaten déi Maacher den besseren Start, an waren  2-1 viir.  Eis Jongen hun awer net opginn, waat en gehaalenen Elefmeter vum Gerry Schuder an am Ganzen net manner wéi 5 Latentreffer ennersträichen. Kurz viru Schluss huet den Joe Crelo dun och den verdengten Ausgläich vir eis Faarwen markéiert, sou dass déi Berbuerger Bouwen sech um Ënn iwwert hiren éischten Punkt freeë konnten

 

Share |